Coronavirus zu LëtzebuergVun 3.506 Tester waren der 44 positiv

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vu Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, weiderhin onverännert bei 110 bleift.

Bei den Infektiounen ass et bannent de leschte 24 Stonnen eng Hausse vu 44 positiv geteste Patienten. Dat sinn der elo am Ganze 4.217.

Den Duerchschnëttsalter vun den 110 Doudesaffer läit bei 84 Joer, d’Altersmediane bei 84 Joer. 56 Prozent si Männer, 44 Prozent Fraen. 66 Prozent vun den Doudesaffer sinn an der Klinick gestuerwen.

Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 172.292 Tester gemaach. An de leschte 24 Stonne goufen 3.506 Tester gemaach.

Vum 27. Juni u gi weekends just nach d’Zuele vun duerchgefouerten Tester, den Neiinfektiounen an den Doudesaffer matgedeelt. Méi Detailer iwwert d’Tester, déi samschdes a sonndes gemaach ginn, gi vun elo un ëmmer méindes publizéiert.

Communiqué

Allègement de la publication de statistiques lors des weekends et jours fériés (26.06.2020)

Communiqué par: ministère de la Santé Durant la phase actuelle de l’épidémie COVID-19, un allègement de la fréquence de la collecte de données dans le cadre du monitoring COVID-19 se fera durant les weekends et jours fériés.

Ainsi, à partir du samedi 27 juin, seront uniquement mises à jour sur le site internet www.covid19.lu les statistiques concernant :

• le nombre de tests ;
• le nombre de cas positifs ;
• le nombre de décès.

Tous les lundis, les données du weekend et les données du jour seront actualisées.

Toutefois, le recueil des indicateurs fondamentaux à la surveillance de l’évolution de l’épidémie, essentiel à la gestion de la crise sanitaire dans la durée, sera maintenu.

Back to Top
CIM LOGO