Et ass eng Etappevictoire fir eng Koppel am Sträit ëm d'Baugeneemegung fir eng Senioren-Residenz mat 37 Appartementer an der Spidolstrooss zu Dikrech.

De President vum Tribunal administratif huet nämlech an engem Urteel festgehalen, dass déi Autorisatioun ausgesat gëtt, bis de Sträit um Fong gekläert ass. Fir de Riichter wär en Etablissement, dat privat bedriwwe gëtt an net engem Besoin vun der ganzer Populatioun entsprécht, net als gemengnëtzeg ze betruechten.

D'Argument vun de Privatleit, dass de Projet weder en Altersheim, nach Wunnengen a medezineschen oder paramedezinesche Strukturen duerstelle géif, hätt seriö Chancen, zur Annulatioun vun der Baugeneemegung ze féieren.

Well d'Conformitéit vum Projet zum Artikel 5 vum Dikrecher PAG net evident wär, sollt d'Baugeneemegung eben ausgesat ginn, bis de Problem um Fong geléist ass, sou de President vum Tribunal administratif.