An 3 Wochen huet sech d'Zuel vun de bekannten aktiven Infektioune verzéngfacht

© AFP (Archiv)
37 aktiv Infektiounen hate mer virun 3 Wochen. Aktuell läit d'Zuel do awer bei 378.
Bannent 3 Woche huet sech d'Zuel vun den aktive Corona-Infektiounen hei am Land verzéngfacht. Aktuell ginn et 378 Infektiounen, viru genee 3 Woche waren et der 37.
D'Zuele sinn also geklommen, wéi genee huet d'Carine Lemmer sech un Hand vun deenen Daten ugekuckt, déi d'Santé all Dag publizéiert.
D'lescht Woch hu sech ronn 277 Persounen nei infizéiert, déi Woch virdrun 146 Persounen. An der Moyenne ginn et am Ablack 40 Nei-Infektiounen den Dag, virun 3 Woche waren et der ronn 6 den Dag. Den 1. Juli gouf et mat 54 neien Infektiounen esou vill nei Fäll, wéi zanter Mëtt Abrëll net méi, also wéi zweeanenhallwe Mount virdrun.
Déi nei méi héich Zuele sinn awer nach ëmmer ganz wäit ewech vun den Infektioune zum Héichpunkt vun der Coronakris. De 26. Mäerz gouf et 263 nei Fäll op engem Dag. Den 1. Abrëll hate mer déi meeschten aktiv Corona-Fäll, mat 2.330.
110 Persoune si jo un de Suitte vum Virus gestuerwen. Zanter dem 25. Mee gouf et kee weidere Covid-19-Doudesfall méi.
Déi, déi sech an de leschten zwou Woche mam Virus ugestach hunn, waren an der Moyenne ronn 35 Joer al. Vu, datt et den Ament ganz wéineg Infektioune bei Persounen iwwer 60 Joer gëtt, sinn déi, déi sech ugestach hunn, gréisstendeels méi jonk gewiescht, jonk Erwuessener, tëscht 20 a 35.
Déi tëscht 45 an 49 maachen den Ament déi Alterstranche aus, wou e mat 13% déi meeschten Infektioune gëtt.
Momentan leien dann 19 Persoune mat Covid-Symptomer am Spidol, 3 dovunner op der Intensivstatioun. Am Verglach, Ugangs Abrëll ware 45 Persounen op der Intensivstatioun, 190 normal an de Spideeler.
E Mëttwoch mécht am Kontext vun all deene Chifferen de Staatsminister Xavier Bettel, am Numm vun der Regierung, eng Deklaratioun an der Chamber.