RTL-ChartaNei Reegelen, fir op RTL.lu Commentairen ofzeginn

RTL Lëtzebuerg
Fir op déi ëmmer méi grouss Zuel an Diversitéit vun de Commentairen op RTL.lu ze reagéieren, goufen nei Richtlinnen a Qualitéitskrittären definéiert.

Kucken, liesen, nolauschteren, verstoen, nodenken, argumentéieren a schlussendlech och kommentéieren. D‘Meenungsfräiheet ass eis wichteg an dofir si mir och frou, Iech d’Méiglechkeet ze ginn, fir Commentairen op RTL.lu ofzeginn. Är Commentairë sollen un éischter Plaz oppen, konstruktiv, respektvoll a kritesch Diskussiounen ureegen, fir eis Artikelen doduerch och z‘ergänzen an opzewäerten. Mat eisem neie Bewäertungssystem ginn Är Commentairen zousätzlech valoriséiert.

2008 hu mir d’Commentaire-Funktioun um RTL.lu lancéiert, fir eise Lieser d’Méiglechkeet ze ginn, op deen een oder aneren Artikel ze reagéieren. Dës Plattform fir Diskussioune war vun Ufank un e Succès. 2019 goufe 95.002 Commentairë gepost, dat sinn der an der Moyenne 260 den Dag. Am Ganze goufen antëscht scho bal 1 Millioun Commentairë publizéiert, dofir soe mir Iech op dëser Plaz och e grousse Merci fir all déi Contributiounen.

Leider kréie mir awer a leschter Zäit ëmmer méi dacks Commentairë geschéckt, déi net am Sënn vun engem konstruktive Meenungsaustausch sinn. Et geet do ëm Reaktiounen, déi vu perséinlechen Ugrëff, Beleidegungen, bis zu rassisteschen Aussoe gepräägt sinn, Saachen, déi op eisem Site näischt ze sichen hunn. Aus deem Grond hu mir nei Moossname geholl, fir all eise Lieser d‘Experienz op eisem Site ze verbesseren an den Debat esou agreabel wéi méiglech ze maachen.

Hannert all Commentaire, deen Dir um Site liest, sëtzt nämlech eng Persoun vun eiser Ekipp, déi de Commentaire liest, ier e publizéiert gëtt. D‘Moderatioun vun all eenzele Commentaire verlaangt eng Kontroll a kascht deemno och Zäit. Ob e Commentaire publizéiert gëtt oder net, hänkt dovunner of, ob eis Richtlinnen agehale ginn oder net.

Sou goufen 2019 24,5 Prozent vun de Commentairen aus diverse Grënn (z. B. Opruff zum Haass, obszön Aussoen, Beleidegungen, etc) refuséiert.

RTL ass net deen eenzege Media, dee mat esou Problemer konfrontéiert ass. National wéi och international hunn déi meescht grouss Medienhaiser sech mat hirer Commentaire-Funktioun missen auserneesetzen. Verschiddener hu carrement decidéiert, d’Comment-Sektioun zouzemaachen, anerer hunn hir Richtlinne verstäerkt. Mir hunn eis bewosst fir déi zweet Optioun entscheet an eis ënnert anerem un där neier Charte vun der franséischer Dageszeitung “Le Monde” inspiréiert. Mir wëllen eise Lieser d’Méiglechkeet net ewechhuelen, fir hir Meenung ze deelen. Är Commentairë ginn eis nei Denkustéiss a reegen och zu neien Diskussiounen un, dofir freeë mir eis, mat Iech zesummen nei ze starten.

Wat sinn d’Krittären, fir e Commentaire ofzeginn? Wéini gëtt e Commentaire refuséiert? Wisou kann een net all Artikel kommentéieren? Dës an eng Rei aner Froe fannt Dir hei: RTL-Chartahttps://www.rtl.lu/rtl-charte


Back to Top
CIM LOGO