Um Freideg gouf de Videoiwwerwaachungssystem am Parc Gerlache offiziell ageweit a Präsenz vum Inneminister Léon Gloden an dem Déifferdenger Buergermeeschter Guy Altmeisch.
48 Visupol-Iwwerwaachungskamerae si vun elo un an der drëttgréisster Gemeng am Land am Asaz. 14 Méint huet et gedauert, fir den Iwwerwaachungs-Dispositif vun der Police ze installéieren. De Käschtepunkt : Ronn 1 Millioun Euro.
D’’Gemeng erhofft sech eng séier Verbesserung a puncto Sécherheet am a ronderëm de Park. D’Kamerae sollen net just ofschrecken, mee och héichqualitativ Biller liwweren déi bei der Identifikatioun vun eventuellen Täter soll hëllefen.
Op Videoiwwerwaachung eleng wëll d’Gemeng Déifferdeng net setzen. An der Stad Lëtzebuerg zielt ee mëttlerweil eng 300 Visupol-Iwwerwaachungskameraen. De System soll nach weider ausgebaut ginn, zum Beispill am Garer Quartier.