Iwwerdeems d’Task Force dovunner ausgeet, datt d’Spideeler Enn August kéinten iwwerlaascht sinn, ass d’Paulette Lenert „optimistesch“.

Mir probéieren d’Situatioun esou sachlech anzeschätzen, ewéi et geet an een Indicateur si jo d’Spideeler.“ Esou kommentéiert d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert d’Previsioune vu der Task Force vu Research Luxembourg, deenen no d’Spideeler bis Enn August riskéieren iwwerlaascht ze sinn. Et géing zwar Aktivitéit an de Spideeler ginn, mä obwuel d’Zuel vun neien Infektiounen an d’Luucht gaangen ass, wier et net zum „groussen Zoulaf“, sou dat een awer „optimistesch“ wier. Dat wier vrun allem dorobber zeréckzeféieren, datt déi nei Infizéiert am Duerchschnëtt méi jonk sinn, an zwar 35,5 Joer.

Déi komplett Pressekonferenz vun der Gesondheetsministesch
Déi lescht Woch „mam Kapp am Guidon“, mä elo erëm „alles am Grëff“.

D’LSAP-Ministesch huet och de Point gemaach iwwert d’Clusteren oder „Herden“: där ginn et der aktuell 33. Ee Cluster, oder een “Herd”, dat ass wann op enger selwechter Plaz op d’mannst 3 Leit mam Covid sinn. Ob se sech do oder anzwousch anescht infizéiert hunn, spillt keng Roll. D’Paulette Lenert huet d’Kategorie vu Clustere matgedeelt: 12 Mol war an enger Schoul oder Lycée, 6 Mol a Bauentreprisen, 5 Mol am Fleege a Santéssekteur, 3 Mol am Hoersca an 3 Mol am Nettoyage. Dat gëtt elo net onbedéngt e Bild of, wou de Risiko am héchsten ass, well dat wier nach ëmmer am privaten op Party’en a Fester, sou d’Paulette Lenert. Op d’Fro, ob een net soll all d’Infektiounen pro Secteur an enger Grafik opdeelen, dozou sot d’Ministesch, et géing een och un enger „méi standardiséierter Opbereedung“ schaffen, mä dat géing nach e bëssen daueren.

D’Paulette Lenert sot och, si wier „net rosen“ mam Santésdirekter Jean-Claude Schmit. Nodeems hien d’lescht Woch sot, de Contact Tracing wier net méi a vollem Mooss méiglech, gouf dat als „Faillite-Erklärung“ kommentéiert. D’Ministesch huet dat en Dënschdeg an der Chamber net gëlle gelooss, mä sot: „ech sinn net rosen". Ob si him gesot huet hie soll keng esou Deklaratioune méi an der Ëffentlechkeet maachen, dozou sot d’Paulette Lenert: „Ech beschulmeisteren hien eigentlech net. Mir funktionéieren net esou zesummen“.

Op d'Bild klicken, fir all d'Chifferen ze kucken. /

Weider Zuelen an Deklaratiounen

867 Leit goufen déi leschte Woch isoléiert. Déi Woch virdru waren et der nach ronn 570, dëst weider Zuelen, déi d'Ministesch e Mëttwoch matgedeelt huet.

Et wier een an enger kritescher Situatioun an et kéint een nach net genee soen, wéi et virugeet, esou d'Ministesch, ma zanter d'Infektiounszuelen erëm eropgaange sinn, hätt ee scho vill kënne sensibiliséieren. An déi Efforte géifen och schonn hir Friichten droen.

76 Prozent vun den Tester, déi bannent de leschten 8 Deeg gemaach goufen, wieren am Kader vum Large Scale Testing gewiescht. Bei de positive Fäll wieren et awer nëmmen 13 Prozent.

44 Prozent vun den Neiinfizéierte wiere schonn a Quarantän gewiescht, esou d'Paulette Lenert.

D'Zuel vun den Admissiounen an de Spideeler wier iwwerdeems net beonrouegend. Bannent der leschter Woch wieren dat just 34 gewiescht.

D'Altersmoyenne vun de Covid-Patienten, déi am Spidol sinn, läit bei 57 Joer. D'Leit, déi positiv getest goufen, sinn am Schnëtt 35 Joer al.

Am Service vum Contact Tracing géifen aktuell 85 Leit schaffen. Eng 40 zousätzlech Mataarbechter géifen aktuell preparéiert ginn, fir kënnen an den Asaz ze kommen. De Service géif och weider 7 Deeg op 7 funktionéieren.

E Samschdeg hätt een dann d'Urgence e Service en place gesat, fir deene Leit, déi an e Land wëlle reesen, dat Lëtzebuerg als Risikogebitt agestuuft huet, d'Méiglechkeet ze ginn, sech testen ze loossen. Bis ewell hätten 1.388 Leit esou en Test kënne maachen. Eppes méi wéi 800 Demandë wiere refuséiert ginn. Dat an der Haaptsaach, well d'Leit net an e Land reesen, dat Restriktioune fir Lëtzebuerger Touristen decidéiert huet oder well si net déi néideg Dokumenter konnte virleeën. Eng 3.000 Demandë wieren dann och nach en suspens. Dëse Service kéint nach bis Enn dës Mounts genotzt ginn. Wéi et duerno virugeet, dat géif een am Regierungsrot decidéieren.