
Nodeems enger Patrull op der Route de Luxembourg zu Péiteng opgefall war, datt zwou Persounen eng Iwwergab gemaach hunn, ass de Verdacht op een Drogendeal opkomm. Béid Männer goufen doropshi kontrolléiert. Bei engem vun hinne gouf e bësse Cannabis fonnt, wärend d’Beamte bei deem anere Boergeld, een Joint an e Schlagring séchergestallt hunn.
Op Uerder vum Parquet gouf doropshin eng Perquisitioun bei him doheem duerchgefouert. Dobäi konnte weider Drogen, eng Schreckschoss-Pistoul an e Bëschmesser saiséiert ginn. Och dës Géigestänn goufe saiséiert an et gouf ee Protokoll erstallt.
En Dënschdeg am Nomëtteg gouf et dann och nach een Tëschefall zu Ettelbréck op der Gare. Ee Mann gouf gemellt, deen do randaléiere géif. Eng Policepatrull ass op d’Plaz gefuer a konnt den offensichtlech alkoholiséierte Mann untreffen. Wéinst sengem Zoustand, ma och well hien déi ëffentlech Rou gestéiert huet, ass de Mann no enger medezinescher Ënnersichung an d’Ausniichterungszell bruecht ginn.