58. Dikrecher KavalkadDepart vum Cortège dëst Joer schonn um 14 Auer

Samantha Weber
Dëse Sonndeg ass déi 58. Editioun vun der Kavalkad an der Ieselsstad. Dëst Joer fänkt de Spaass fir d'Fuerboke schonn e bëssen éischter un.

2026 ass et schonn déi 58. Editioun vun der Dikrecher Kavalkad, déi vun den “Eselen aus der Sauerstad Dikrich” organiséiert gëtt. Och wann d’Meteoprevisioune fir e Sonndeg éischter alueden, fir doheem ze bleiwen, gi sech op der Kavalkad nees Dausende Fuesboken erwaart. D’lescht Joer hate ronn 40.000 Leit de Wee an d’Ieselsstad fonnt. Dat schätzen d’"Eselen aus der Sauerstad Dikrich” all Joer unhand vun den Entréeën, déi verkaf goufen. Och dëst Joer ass en Ticket nees e Muss, mat deem een awer och op d’"Eldoradio After Cavalcade Party” an der Aler Seeërei kënnt.

Den Oflaf:

Anescht wéi soss fänkt de Spaass dëst Kéier éischter un. De Cortège geet dëst Joer nämlech schonn um 14 Auer lass. Da geet et fir déi 52 Ween vun der Route de la Larochette iwwert d’Rue Alexis Heck, d’Esplanade, d’Place Guillaume, d’Rue de Stavelot bis op d’Avenue de la Gare.

© D’Eselen aus der Sauerstad Dikrich a.s.b.l.

Virdrun, wärend an nom Cortège gëtt uechter ganz Dikrech fir Stëmmung gesuergt, dat mat e sëllegen DJen.

Vun 12 bis 19 Auer ass “Op der Kluuster” den DJ Paul am Asaz.

Vun 12 bis 18 Auer gëtt et beim Wirtgenschlass déi sougenannte “Family Place”, wou Animatioun fir d’Kanner ugebuede gëtt, Musek an hei ass och déi alkoholfräi Zon.

Am selwechten Zäitraum ass “Bei der Gemeng” den DJ Dee responsabel fir d’musikalesch Animatioun.

Vu 16 bis 20 Auer leet op der Liberatiounsplaz den DJ Hofmeister op.

An der Aler Seeërei suergt den DJ Majj vu 15.30 bis 18.30 Auer fir de Warm Up, éier duerno op der selwechter Plaz den DJ Al an den DJ Blueteck bis Hallefnuecht fir Entertainment suergen.

Um 19 Auer ass dann d’Präisiwwerreechung fir déi flottste Ween an der Aler Seeërei.

Trafic a Parken

Den Accès an Dikrech ass da vun e Sonndeg 12 Auer un extrem ageschränkt an et heescht op déi divers P&Ren zeréckzegräifen, fir ouni Stress mam Bus op Dikrech ze kommen. Där ginn ugebuede um Parking Däich zu Ettelbréck, beim Heintz van Landewyck an och vis-à-vis op der anerer Säit an der Industriezon “Fridhaff ZANO”. Domadder awer net genuch. Och wann een aus anere Richtunge vum Land kënnt, gi Parkméiglechkeeten ugebueden, dëst beim Bloen Eck zu Steeën, respektiv bei der Sauerwiss an der Akerbauschoul souwéi dem Bamerdall.

© D’Eselen aus der Sauerstad Dikrich a.s.b.l.

Natierlech ass et och méiglech mam Zuch op Dikrech ze kommen. Hei gëllen d’Site www.cfl.lu oder www.mobiliteit.lu, fir sech de passenden Zuch erauszesichen.

D’Preparatioune fir d’Editioun 2026 sinn amgaangen

Impressioune vun de viregte Joren

Wien nach net a Kavalkad-Stëmmung ass an eventuell eng kleng Motivatioun brauch, fir sech op déi kommend Kavalkaden ze deplacéieren: hei e puer Andréck vun de leschte Joren.

Back to Top
CIM LOGO