Chemikerin Emma Schymanski am InterviewBelaaschtung vu Pestiziden heescht net automatesch eng Gefor fir de Mënsch

David Winter
Mat der Fuerscherin a Wëssenschaftlerin hu mir eis ënnert anerem iwwert Pestiziden, "provokativ" Etüden an deier toxikologesch Analysen ënnerhalen.
© MATHIEU THOMASSET/Hans Lucas via AFP

De Mouvement Ecologique schléit Alarm, d’Bauere fille sech ugegraff a relativéieren d’Resultater vun der Pan-Europe-Etüd, déi zu Lëtzebuerg jo e klengen Apel-Gate ausgeléist huet. Ma wat genee sinn d’Fakten zu de Pestiziden, där et der jo vill a breet gefächert ginn a wéini kann een net méi just vun enger Belaaschtung, mä vun enger Gefor fir de Mënsch schwätzen? D’Emma Schymanski, Chemikerin a Fuerscherin am Departement “Environmental Cheminformatics” op der Universitéit Lëtzebuerg, huet direkt vun Ufank u kloer gestallt, dass si sech am Face-à-Face tëscht dem Blanche Weber vum Mouvement écologique an dem Jeff Boonen, Landwiert bei der CSV, genee an der Mëtt vu béiden Invitéeë sëtze gesinn hätt.

PAN Europe Report deels “provokativ”, EFSA-Etüd seet méi aus

U wat sech d’Wëssenschaftlerin direkt um Ufank vun der Debatt gestéiert huet, ass, dass de PAN Europe Report, dee jo och vum Mouvement Ecologique ervirgehuewe gouf an als Basis vun hirer Kritik u Pestiziden hiergehalen huet, nëmme bei der Detektioun vu Pestiziden Alarm schléit. Vu wéini un een e Wäert géif als problematesch gesinn, Stéchwuert “Grenzwäerter”, géif een an der Etüd net erëmfannen. Op Basis vun esou enger Etüd kéint een dann och keng wierklech konkret wëssenschaftlech Aussoe maachen. Hei géif eng “Detektioun” vu Pestiziden direkt mat engem “Problem” gläichgesat ginn, wat d’Emma Schymanski “schued, iwwerdriwwen a provokativ” fënnt.

Fir awer wierklech Aussoen op eventuell Geforen ze maachen, wier déi aktuell Etüd vun der EFSA, also déi Europäesch Agence fir Liewensmëttelsécherheet, wuel besser gëeegent, well bei dëser Etüd och déi Wäerter ervirgehuewe géife ginn, déi individuell festgeluechte Grenzwäerter tatsächlech iwwerschreiden, also Konzentratiounen, déi effektiv schiedlech fir de Mënsch kënne sinn. Kuckt ee sech déi Resultater genee un, wier kloer ze gesinn, dass dann net “all Apel eis ëmbréngt”, sou d’Emma Schymanski.

Nëmmen 1,9% vun de gemoossene Pestizid-Wäerter wiere bedenklech

Aus dësem Rapport kann ee festhalen, dass Réckstänn vu 627 Pestiziden zu Lëtzebuerg analyséiert goufen, den Duerchschnëtt bei alle Länner, déi matgemaach hunn, läit hei bei 249 Analysen. D’Zuel un Analyse vu Pestizid-Réckstänn ass domadder hei am Grand Duché am Duerchschnëttsverglach héich, änlech héich wéi Däitschland (717), d’Belsch (631) oder Éisträich (618).

Kuckt ee sech déi eenzel Prouwen, déi gemaach goufen an dëser Etüd méi genee un - ganzer 13.246 Prouwen un der Zuel - waren der 246 iwwert dem sougenannten MRL, also dem “Maximum residue level”, wat 1,9% ausmaachen (bei de Prouwe vun Iesswuere fir Kanner, läit dëse Wäert bei ronn 0,6%). A 70% goufe guer keng detektéierbar Réckstänn vu Pestizide festgestallt. An 28% vun de Fäll goufen zwar Réckstänn festgestallt, awer ënnert dem Grenzwäert vun der EFSA.

Hei ënnersträicht d’Emma Schymanski och, dass dës Resultater géife weisen, wéi genee a sensibel d’Methode vun den Analyse vu Pestizide gi sinn: “Mir kënnen d’Pestiziden an d’Ëmwandlungsproduite vill méi fréi erkennen. Mir gesi se a Prouwen dacks schonn, iert se iwwerhaapt eng geféierlech Konzentratioun erreechen. An d’Analytik ass och dofir do, dass mir Konzentratioune fréi aschätze kënnen, iert mer iwwerhaapt e Problem hunn.”

Ëmmer méi gëtt detektéiert, e gudde mënschlechen Ofwiersystem schützt

Zäitgläich relativéiert d’Wëssenschaftlerin d’Thematik awer och a gëtt ze bedenken: “Jo, mir detektéiere vill an et gëtt ëmmer méi an iergendwa musse mer och eppes dogéint maachen. Zu Lëtzebuerg an anere Länner schaffe mer beispillsweis drun, dass Waasser an der Kläranlag opgeschafft gëtt, fir d’Schuedstoffer sou erauszehuelen, dat gëllt och fir d’Drénkwaasser. D’Waasser an der Kläranlag ass net direkt dat Waasser, dat mir och drénken.”

Bei Liewensmëttel ass et dann awer sou, dass een net dierf vergiessen, wisou Pestiziden iwwerhaapt agesat ginn. Vill dovu sinn zum Beispill dofir do, fir Schimmel a Pilz entgéintzewierken, déi a ville Fäll vill méi geféierlech fir de Mënsch kënne ginn, wéi Réckstänn vu Pestiziden. Anerer Pestizide kommen als Herbiziden an den Asaz, déi also Onkraut futti maachen, nach anerer maachen onbeléiften Insekte futti.

Dobäi kënnt dann och, dass wann een e gudden Ofwiersystem huet, een dës Réckstänn och einfach ofbaue kann, e System, deen een awer just mat enger gudder Ernärung, also vill Uebst a Geméis, opgebaut an oprechterhale ka ginn. Et misst een en plus “wansinneg vill” Pestizid-Réckstänn konsuméieren, fir dass et wierklech geféierlech fir de Kierper kéint ginn, gëtt d’Emma Schymanski ze bedenken.

© SEBASTIEN BOZON/AFP

Wat huet et mat den “Eiwegkeets-Chemikalien” PFAS op sech?

E Punkt, deen ëmmer nees opkënnt bei Pestiziden a fir deels hefteg Diskussioune suergt, sinn déi sougenannte PFAS, also “per- a polyfluoréierend Alkylsubstanzen” a Pestiziden, déi och als laanglieweg “Éiwegkeets-Chemikalien” bezeechent ginn, an als kriibserreegend gëllen. Hei misst een awer och differenzéieren, well net all Detektioun dovunner direkt eng Gefor bedeit:“Jo et ass deelweils PFAS a Pestiziden ze fannen, ma awer net déi richteg laangketteg PFAS-Molekülen, déi schlëmm toxesch Wierkungen hunn, wéi am Film ‘Dark Water’. Dass PFAS-Pestizide méi geféierlech si wéi aner Pestiziden, stëmmt also sou net.“

Hei géifen engem aner Pestizide méi Suerge maachen, PFAS géif net dozou gehéieren. Am Fokus wieren déi am Moment awer, well se sougenannten TFA produzéieren an dat wier relativ schwéier, nees aus dem Drénkwaasser erauszehuelen. Hei géifen dann och vill komplex Ofleef matenee vermëscht ginn, wieren awer net sou einfach mateneen ze vermëschen.

Dass d’EU an de leschte Joren ëmmer nees Pestizide verbueden huet, géif weisen, dass een hei kloer kontrolléiert an, dass een op europäeschem Niveau “relativ gutt” géif reguléieren, wa Stoffer problematesch wieren: “An dann ass och nach d’EFSA do, dass mer déi Kontrollen och reegelméisseg hunn. All Land an Europa muss dës Prouwen och theoreetesch liwweren, zu Lëtzebuerg goufen jo iwwer 600 Screeninge vu Pestizide gemaach. Kloer, et kéinten der ëmmer nach méi sinn, mä d’Kontroll ass do.“

De schwierege Balance-Akt mat de Pestiziden

Pestizide sinn do, d’Qualitéit vu Liewensmëttel ze garantéieren, eppes, hannert deem och d’Landwirtschaft natierlech steet, ma d’Kontroll muss awer onbedéngt do sinn, fir dass ebe grad dës Pestiziden eis net schueden. E “Balance-Akt”, sou d’Expertin vun der Universitéit Lëtzebuerg.

Ze bedenke gëtt si, dass, obwuel si hannert der Philosophie vun der “Open Science”, also transparenter Wëssenschaft steet, et vill Etüde ginn, déi hannert zouenen Diere gemaach ginn an ee kee wierklechen Zougang huet als Wëssenschaft. Doduerch hätt ee fir eng Partie Pestiziden och net genuch Daten, fir wierklech kënnen ze soen, a wéi wäit e Grenzwäert geféierlech ass, respektiv wou een de Grenzwäert iwwerhaapt usetzt, fir d’Gesondheet ze schützen an awer och net iwwert d’Zil erauszeschéissen. Toxesch-Tester sinn nämlech extrem deier a kënnen dacks aus finanzielle Grënn net selwer op eege Fauscht gemaach ginn. Hei misste Studie ganz kloer méi transparent sinn a gesetzlech méi séier oppe geluecht ginn.

Back to Top
CIM LOGO