Paulette Lenert D'lescht Woch gouf et 695 Neiinfektiounen bei iwwer 82.900 Tester

Carine Lemmer
D'Gesondheetsministesch Paulette Lenert huet um Donneschdeg de Mëtteg op déi lescht Woch an d'Corona-Infektiounen zréckgekuckt.
Resumé vun der Pressekonferenz mat der Paulette Lenert
D’Gesondheetsministesch Paulette Lenert huet um Donneschdeg de Mëtteg op déi lescht Woch an d’Corona-Infektiounen zréckgekuckt.

Et gesäit een do net vill Neits, d’Zuele gi liicht erop, respektiv et gesäit een eng gewësse Stabilisatioun op héijem Niveau.

2/3 vun de Leit hate Symptomer.

12% sinn duerch de Large Scale Testing fonnt ginn, 88 Fäll.

D’Altersmoyenne ass weider éischter niddreg mat 35,2 Joer.

33 Leit sinn d’lescht Woch an d’Spidol komm, mat enger Altersmoyenne vu 56 Joer, wat och relativ niddreg ass am Verglach mam Mäerz/Abrëll.

3.500 Kontakter huet d’Santé d’lescht Woch missen iwwerpréiwen. Dat hätt een awer gutt gemeeschtert, sot d’Paulette Lenert. Et géif sech eng gewësse Routine apendelen.

Nach ëmmer stieche sech d’Leit am allermeeschten am Privaten un, wa se mat Famill oder Frënn zesumme sinn an d’Gestes Barrièren net anhalen. Knapp 200 Infektioune gouf et d’lescht Woch an de Famillen, de Rescht meeschtens am klenge Krees. Et gouf ee gréissert Fest mat 5 Infizéierten an eng reliéis Manifestatioun mat 6 Positiven.

Am Bausecteur si positiv Fäll a 5 weidere Betriber bäi komm. An enger Entreprise gouf et 13 Infektiounen.

Et soll jo elo méi geziilt getest ginn, ënnert anerem preventiv an Hotellen a Restauranten, Saisonsaarbechter, déi an d’Land kommen an d’Leit nom Congé collectif. D’Entreprise kréien dofir Test-Voucheren, déi si dann un hir Leit weider ginn.

Et gëtt weider eng verstäerkt Präsens vum Virus am Süde vum Land. Hei gouf jo all Stot ugeschriwwen fir an den Test ze goen.

Verstäerkt soll och um Findel getest ginn, also d’Leit, déi aus dem Ausland kommen. D’lescht Woch hu 15% vun de Passagéier vun där Offer profitéiert. 31 positiv Fäll goufe fonnt.

Um Fluchhafe gëtt mat Hëllef vu Studenten verstäerkt dozou encouragéiert, sech no engem Vol testen ze loossen.

Eng Etüd ass och am gaangen, fir d’Evaluatioun ze maachen, wéi eng Roll de Coronavirus an der Schoul gespillt huet. Déi Etüd soll bis de 15. August fäerdeg sinn.

D’Regierung ass och weider beméit, dem Ausland eis Teststrategie an déi méi héich Chifferen z’erklären. D’Ministesch Paulette Lenert hofft, datt eng aner méi fair Bewäertungsstrategie, zum Beispill vun Däitschland, gemaach gëtt.

PDF: D'Grafiken nach eemol alleguerten am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO