Den CSV-Parteipresident Frank Engel kritt - dach e bëssen onerwaart - Ënnerstëtzung vu Regierungssäit an zwar vun der LSAP.

"Et muss een dem CSV-Präsident schonns politesche Courage zougestoe mat sengem Virschlag, eng Ierfschaftssteier an direkter Linn fir grouss Verméigen och hei am Land erëm anzeféieren.", sou den LSAP-Vizepremier Dan Kersch e Samschdeg op Facebook. D’LSAP stéing dem Dan Kersch no enger gesellschaftlecher Diskussioun doriwwer oppen géintiwwer. Den LSAP-Vizepremier fäert awer, "dass de Frank Engel a senger eegener Partei isoléiert ass a riskéiert dësen interessante Virstouss politesch net ze iwwerliewen."

De Frank Engel huet e Freideg an engem RTL-Interview Propose gemaach, fir ze verhënneren, datt déi "einfach Leit" d'Verléierer vun der Corona-Pandemie ginn. Vun enger Debatt iwwert eng Ierfschaftssteier an direkter Linn, mee mat Abattements a vun enger méi héijer Besteierung vun de grousse Verméigen, sou wéi den CSV-Parteipresident se proposéiert, wollt seng eege Partei näischt wëssen an d'Partei huet e Samschdeg sech selwer per Communiqué vun den Aussoe vum Frank Engel distanzéiert.