Mini-Entreprise fir méi regionaalt an nohaltegt Konsum-Verhalen
Siwe Jonker hu sech am Kader vun engem Schoulprojet zesummegedoen an d'Mini-Entreprise FrëschKëscht gegrënnt.
De Projet soll de Leit Lëtzebuerger Iesswuere méi no bréngen. Den 18 Joer ale Schüler aus dem Lycée Robert Schuman geet et awer och ëm d'Nohaltegkeet an d'Ënnerstëtzung vun de Baueren aus der Regioun. Uebst a Geméis frësch vum Bauer direkt Heem bei de Client. Dozou gëtt et dann all Woch e flott Rezept, wat ee mat de Produiten aus der Këscht nokache kann an eng Lëscht, vu wéi engem Bauer wéi ee Produit ass.
Ugefaangen huet de Projet FrëschKëscht viru genee engem Joer. 7 Schoulkolleege sollten e Konzept fir eng Mini-Entreprise opstellen. Dass FrëschKëscht erfollegräich kéint ginn, war fir si séier kloer.
Diogo Marques: “Well lo ëmmer méi Leit hire Liewens- an Ernärungsstil och änneren, wat lokal a saisonal ugeet, hu mir geduecht, dat wier déi perfekt Optioun, fir an dee Marché eranzeklamme mat sou enger Iddi.”
Mat 12 Fournisseure schaffen déi Jonk mëttlerweil zesummen. Ganz wichteg ass hinnen d'Qualitéit an d'Varietéit. D'Schüler besichen all potenzielle Fournisseur op sengem Haff a kucke sech alles ganz genee un. Ma sou eng Mini-Entreprise ze grënnen, ze leeden an um Lafen ze halen, ass net ëmmer einfach. Et ass vill Organisatioun gefrot.
Ivo Silva: "D'Këschte preparéiere Woch fir Woch. Mir kréien d'Lëschte vun eise Fournisseuren ufanks der Woch geschéckt, wat si dës Woch zur Verfügung hunn. Da musse mir kucken: Wéi wëlle mir eis Këscht dës Woch gestalten? Mat wéi engem Rezept? Mir passen onst Rezept dann ëmmer un eis Këschten un, déi mir hunn."
Fir all Client zefridden ze stellen, gëtt d’FrëschKëscht a verschiddene Varianten ugebueden.
Ivo Silva: "Mir hunn eng klassesch Variant an eng vegan Variant, vun deenen et zwou gëtt et dann nach eng grouss an eng kleng Variant. An der klassescher hu mir Eeër dran, hu mir Mëllech dran, Geméis, Uebst an e Special vun der Woch. An der veganer Variant hu mir Geméis an Uebst haaptsächlech an och e Special vun der Woch, deen och vegan muss sinn, an och ass.”
De Wee vun der FrëschKëscht-Ekipp ass nach laang net um Enn. Geschwë proposéieren déi Jonk nach eng weider Optioun. Eng FrëschKëscht, bei där de Client individuell um Internet-Site kann zesummestellen. De Client kann dann tëscht vill saisonalem Geméis an Uebst wielen an och d'Quantitéit bleift dem Client iwwerlooss. Dëse Projet gëtt an e puer Woche lancéiert.