An enger vun der LSAP organiséierter Online-Konferenz e Mëttwoch sot de Franz Fayot, datt ee mëttel- bis laangfristeg iwwer sou eng Steier misst nodenken.

Et géif eng Konzentratioun vum Verméige ginn, dat notamment an Immobilien investéiert wier, wat net produktiv wier am Géigesaz zum Beispill zu Investissementer an Entreprisen.

Där Meenung ass den LSAP-Wirtschaftsminister: "Ech mengen, dass ee muss en Ënnerscheed maachen tëschent deene Leit, déi sech eppes uspuere fir sech oder fir hir Kanner, an deene Verméigen, wou mer op eemol an Tranchen erakommen oder a Gréisstenuerdnungen erakommen, wou et wierklech op eemol pervers gëtt. Ech war jo deen, deen iergendwann déi Diskussioun ëm Ierfschaftssteier lancéiert huet, mëttlerweil froen ech mech, ob dat déi richteg Steier ass, ob et net éischter besser wär, nozedenken iwwert eng Verméigenssteier, déi een uerdentlech an intelligent strukturéiert, net sou wéi déi verstëbsten, déi mer 2005 ofgeschaaft hunn, mä eng, déi wierklech richteg do wierkt, wou se soll wierken an déi dann och wierklech eng Recette géif brénge fir d'Staatskeesen."

De Franz Fayot

2 weider wichteg Themen a puncto Steiergerechtegkeet wieren d'FISen, speziell Fongen, iwwert déi eenzel Promoteuren a grouss Immobiliëbesëtzer hir Steierlaascht neutraliséiere géifen an d'Stock-Options, iwwert déi Leit, déi ganz vill verdéngen, op engem Deel vun hirem Revenu keng Steiere bezuelen - hei géif et och e Konsens an der Regierung ginn, esou de Franz Fayot, ouni awer en zäitleche Kader ze präziséieren.

Den LSAP-Wirtschaftsminister huet mat der Presidentin vum Mouvement Ecologique, Blanche Weber, a mat der OGBL-Presidentin Nora Back diskutéiert, wéi eng Politik no der sanitärer Kris néideg ass, fir de Besoinen um sozialen, ekologeschen a wirtschaftleche Plang gerecht ze ginn. An do war d'Steierreform a steierlech Mesuren natierlech en Thema.

Online-Konferenz/Reportage Fanny Kinsch

Fir d'Mouvement-Ecologique-Presidentin Blanche Weber géif d'Steierreform d'Geleeënheet bidden, fir nei Jalonen ze setzen. Bis elo géife Piste wéi zum Beispill Verméigenssteier oder nach Finanztransaktiounssteier net seriö diskutéiert ginn. Och bei der CO2-Steier wier d'Diskussioun längst iwwerfälleg.

"An do gëtt et en immens wäite Konsens bei Ökonomen an Ökologen, DEN Hiewel, fir ze soen, mir mussen den CO2-Verbrauch besteieren, dat awer sozial-gerecht maachen, dat heescht Leit, déi manner verdéngen, déi sollen en Deel zeréckkréien, fir dass et ebe sozial ausgeglach gëtt, an eis steet déi Diskussioun bevir, wéi héich däerf déi CO2-Steier sinn, respektiv wéi héich muss se sinn, dass se gräift."

De Wirtschaftsminister Franz Fayot sot, et misst ee sech awer iwwerleeën, wéi séier esou eng Besteierung agefouert gëtt.

"Ech sinn um Fong d'accord, dass ee soll d'Pollutioun, den Ëmweltverbrauch méi besteieren. Et muss ee just oppassen, an dat hunn eis verschidde Beispiller gewisen, wéi notamment d'Gilets jaunes a Frankräich, et muss een oppassen, datt een d'Leit do mathëlt."

En Argument, dat d'OGBL-Presidentin Nora Back novollzéie kann...
"Well et ass eng indirekt Steier a se ass per se ongerecht an déi mat de nidderege Léin gi méi staark betraff vun enger CO2-Steier, wéi déi mat den héije Léin an dofir brauche mer Kompensatiounen, gutt dass et virgesinn ass, wéi de Franz Fayot seet, am Projet de loi, mee et ass vague."

Zum Beispill wéisst een net, vu wéi engem Revenu u missten Efforte gemaach ginn, fir d'CO2-Steier sozial ze kompenséieren, sot d'Nora Back.