"An den Taten werden sie gemessen..."CSV vermësst politesche Wëllen a Courage bei Regierungsparteien

RTL Lëtzebuerg
"An den Taten werden sie gemessen....", esou ass e Communiqué vun der CSV iwwerschriwwen.

Steiergerechtegkeet / Reportage Carine Lemmer

D’CSV bedauert, datt déi 31 Deputéiert vun der Majoritéit um Dënschdeg Mëtten an der Chamber géint zwou Motioune vun deene chrëschtlech soziale gestëmmt hunn, déi méi Steiergerechtegkeet als Zill gehat hätten.

Notamment hat d’CSV virgeschloen, d’Stock Options an d’Mëssbrauchsméiglechkeete bei de sougenannte FIS-Steierstrukturen op den 1. Januar ofzeschafen.

D’CSV-Deputéiert Gilles Roth a Laurent Mosar hu bedauert, datt d’Vertrieder vun der Majoritéit an Interviewen zwar ëmmer Steiergerechtegkeet fuerderen, ma wann et ëm konkret Handelen am Parlament géif goen, da géif de politesche Wëllen an deen eegene Courage feelen.

PDF: Offiziellt Schreiwes vun der CSV

Back to Top
CIM LOGO