D'Majoritéitsparteie sinn zefridden, dass hir jeeweileg Haaptuleiessen an der Ried behandelt gi sinn.

Fir den LSAP-Fraktiounschef Georges Engel waren dat déi sozial Ongerechtegkeeten.

D'Fraktiounspresidentin vun déi Gréng Josée Lorsché huet hirersäits ervirgehuewen, dass d'Regierung sech prioritär géing géint de Klimawiessel engagéieren an ass zefridden.

"Ech géing soen am Verglach mam leschte Joer war et wierklech e Paradigmewiessel a senger Ried. En huet ganz vill Themen ugeschwat, en huet d'sozial Gerechtegkeet an de Mëttelpunkt gestallt. D'Cohesion sociale an d'Ekonomie, déi mer méi besser mussen opstellen fir weider Krisen ze verhënneren am Kontext vum Ëmweltschutz a mir mengen, dass dee System nëmme ka gräifen, wann een Zännrad an dat anert gräift. Wéi gesot Pandemien musse verhënnert ginn, dat huet mat Ëmweltschutz ze dinn."

Oppositioun huet net mat Kritik gespuert

Et war eng laang Ried, huet d'Fraktiounscheffin vun der CSV, d'Martine Hansen, zouginn. Ma de Premier Xavier Bettel hätt just dat widderholl, wat am Koalitiounsaccord stoung.

''Du war schonn e groussen Deel vun der Zäit eriwwer, vun där geschwat ginn ass. Et si puer eenzel Mesure virgestallt ginn, wat eis awer feelt, dat ass eng richteg Perspektiv fir en Neistart fir no der Kris. Virun allem an dëser Situatioun, wou mer jo awer an enger wirtschaftlecher Kris sinn. Mir riskéieren an eng Sozialkris ze kommen, do brauche mer kloer Perspektiven wéi et viru geet. Perspektiven fir d'Wirtschaft, Perspektiven awer och am Ëmweltberäich, am Logementsberäich awer och bei de Staatsfinanzen an do si mer um dréchene sëtze bliwwen."

Och dem Sven Clement vun de Piraten huet d'Substanz an dëser Ried gefeelt:

''Pisten fir d'Ekonomie ze relancéieren: null, nada, näischt. Et war einfach kee politesche Leadership an där Ried dobäi. Et war éischter e Réckbléck dorobber wéi et dem Land geet. Ech hunn iergendwann eng Kéier dertëschent geduecht, mat all deene Passagen, wou et ëm Corona goung, hei gouf e Best Of vun deene leschte Rieden, vum Paulette Lenert gehalen, just datt de Xavier Bettel d'Wierder an de Mond geholl huet a se haut nach eng Kéier erzielt huet. "

Dem Deputéierte vun déi Lénk Marc Baum no huet de Premier mat dëser Ried bewisen, dass dës Regierung net capabel wär, op déi richteg Defie vun dëser Zäit ze reagéieren. De Marc Baum huet ënnert anerem kritiséiert, dass de liberale Politiker den Eescht vun der Lag virun allem wat déi sozial Konsequenze vun der Kris ugeet, net erkannt hätt.

"Et ass eng wierklech ganz bedenklech Situatioun. Mir kommen an nei Beräicher vu Chômagezuelen, déi virdrun net denkbar waren. Näischt dozou vum Premier héieren. De Phenomen vun de sozialen Inegalitéiten, wéi d'Regierung wëlles huet dogéint virzegoen, näischt vum Premier héieren."

''Regierung huet net d'Flexibilitéit, fir sech un d'Déift vun dëser Kris anzestellen'', esou d'Conclusioun vum Fernand Kartheiser vun der ADR.

" Et ass éischter e Kompromëss fir esou weider ze maachen wéi bis elo. Mir hunn och gesinn, datt déi finanziell Situatioun vum Staat zum Deel verharmloost gëtt. Zum Beispill wat d'Gravitéit vun de Scholden ugeet an d'Konsequenzen vun de Scholden fir déi nächst Generatiounen. Schlussendlech ass et och eng gewëssen Onkloerheet an deene finanzielle Moossnamen, déi proposéiert ginn."

Reaktioun vu Patronat a Gewerkschaften

Et sinn eng Rei positive Pisten annoncéiert, de politesche Wëlle wier, ewéi et schéngs do, ma der Gravitéit vun der Situatioun net gerecht. Virun allem beim Logement, seet d'Nora Back, d'Presidentin vum OGBL:

"Éischtens ass et emol gutt, datt eng Erkenntnis do ass an et eng politesch Volontéit gëtt eppes géint déi Logementskris ze maachen, an där mer stiechen. Dat wat elo annoncéiert ginn ass, ass awer net genuch, also et geet nach net wäit genuch. Dat éischt ass emol d'Besteierung vun deene sougenannten Fonds d'investissements spécialisés. Et ass gutt, datt do eppes agefouert gëtt. Et ass gutt, dass mer méi op de Wee vun der Besteierung vun de FISë ginn, mä 20 Prozent ass net ganz vill, am Verglach zu der Besteierung vun de Privatpersounen op hire Revenuen. Do si mer op enger Moyenne vu 40 Prozent."

Vill Positives gouf et awer och. Hei lueft een d'Initiative de Chômage partiel weider iwwert den 31. Dezember eraus ze verlängeren.

"Dat war eng wichteg Fuerderung och vum OGBL. D'Kris ass net eriwwer an d'Repercussiounen och op déi eenzel ekonomesch Secteuren, déi si jo nach net fäerdeg a mir wëssen, dass et nach iwwert dat anert Joer erausgeet, iwwert d'Enn vun dësem Joer erausgeet. Dofir konnt et net duergoen, datt ee seet, den aussergewéinleche Chômage partiel geet just bis un d'Enn vun dësem Joer. Wichteg och, datt de Premier drop insistéiert huet, datt dat am Sozialdialog muss passéieren. dat ass fir eis als Gewerkschaft natierlech immens positiv."

Och de Jugendchômage war e grousse Sujet bei de Gewerkschaften. Wichteg Ukënnegunge goufen hei déi lescht Méint gemaach – an der aktueller Situatioun misst awer weider diskutéiert ginn, esou de Patrick Dury, de President vum LCGB:

"Déi ekonomesch Kris, déi geet eréischt lass. Mir hunn eng ganz Rei Annoncë gehat, Luxair, ArcelorMittal, déi beonrouegend sinn, wou mer zwar zum Deel och positiv Léisunge fonnt hunn. Ech mengen, datt dat doten e Sujet ass, dee muss weider diskutéiert ginn an der Tripartite, wou och do mussen eng Rei Pisten degagéiert ginn, mä dat misst een zesummen och mat de Patronen maachen, well si setzen do och mat um Drécker, fir jonk Leit an den Aarbechtsprozess eran ze bréngen a fir all Mënsch eng Chance ze ginn eng Schaff ze fannen."

Vu Säite vun der UEL, dem Vertrieder vun de Patrone, weist ee sech allgemeng zefridden. De Personalmanktem bleift hei och dëst Joer e grousse Sujet. De Jean-Paul Olinger, Direkter vun der UEL:

"Dee wichtegen Aspekt, deen de Premier ervirgestrach huet, ass dass mer e Besoin hunn vun auslänneschen Talenter, déi mer mussen unzéien, fir déi verschidde Saachen ze maachen. Ech mengen, datt ass dee richtege Message. An där Hisiicht muss d'Fiskalitéit dann deem nogoen, fir dass mer déi Leit och heihinner kréien. Mir sinn alleguer op där selwechter Linn, dass mer versichen eng Digitalisatioun hinzekréien an eng energetesch Transitioun. Dat kréie mer just gemaach mat deene richtege Käpp, souwuel an der Informatik, wéi och bei den Ingenieuren."

Weider méi detailléiert Reaktiounen dierften déi nächsten Deeg dann nokommen.