Op der Stater Gare gouf e Freideg un d'Mënschen, déi an en Deportatiounszuch hu misste klammen, erënnert.

Vun der Lëtzebuerger Gare sinn tëscht 1941 a 1943 7 Deportatiounszich fortgaangen. Iwwer 600 Leit goufen aus hirem Doheem erausgerappt. De 17. Oktober markéiert deen Dag, wou d'geheim Staatspolizei fir déi éischte Kéier honnerte Judde vu Lëtzebuerg an der Groussregioun a Richtung Osten deportéiert huet. E Freideg gouf an der Stater Gare, am klenge Krees, un d'Affer vun Deemools erënnert.

Commemoratioun / Reportage Tim Morizet

Et sinn nëmmen e Brochdeel vun den Nimm, de Mënschen, déi de 17. Oktober 1941 no Hallefnuecht vu Lëtzebuerg a Richtung Polen deportéiert goufen. 323 Judden - virun allem Famillen, déi zu Lëtzebuerg gewunnt hunn. Ënner anerem 162 Leit aus der Stad, 24 vun Esch an 28 vun Ettelbréck souzen deemools an deem Zuch.

De Laurent Moyse, Vize-President vum Kommitee Ausschwitz: „Déi sinn op Łódź, an de Ghetto zu Litzmannstadt, ewéi déi däitsch d'Stad genannt hunn, déportéiert ginn. Verschiddener sinn och do gestuerwen, hunn déi miserabel Konditiounen an deem Ghetto net iwwerlieft. An déi meescht, déi de Ghetto iwwerlieft hunn, sinn duerno zu Auschwitz oder Kulmhof am KZ exterminéiert ginn.“

Litzmannstadt, Theresienstadt, Izbica an Auschwitz waren Destinatioune vun den insgesamt 7 Zich déi Lëtzebuerg iwwer eng Period vun 2 Joer a Richtung Oste verlooss hunn.

„Déi 7 Deportatiounszich sinn och ënnerwee stoe bliwwen, zum Beispill zu Tréier wou se och vill däitsch Judde matgeholl hunn. Vun all deenen déi matgeholl goufen, sinn och déi meescht ëmkomm. Déi allerwéinegst hunn déi Period deemools iwwerlieft oder hunn et zeréck op Lëtzebuerg gepackt.“

Nëmme 15 vun den insgesamt 512 Mënschen, déi de Ghetto zu Litzmannstadt areecht hunn, hunn iwwerlieft.

Dëse Weekend geet et weider mat der Commemoratioun uechter d'Groussregioun an zu Lëtzebuerg.