Eng vun den 3.614 Lëtzebuerger Fraen, déi wärend dem Zweete Weltkrich zwangsrekrutéiert goufen, ass d'Marie Bonichaux. Si huet eis hir Geschicht erzielt.

Ënnert de bal 14.000 Zwangsrekrutéierte vu Lëtzebuerg waren och 3.614 jonk Fraen, déi wärend dem zweete Weltkrich vun den Nazie gezwongen goufen an de "Reichsarbeitsdienst" respektiv duerno an de "Kriegshilfsdienst" ze goen. An Däitschland hu si dacks missen a Munitiounsfabricken, beim Bauer um Feld oder als Familljenhëllef schaffen. D’Maisy Ginter-Bonichaux war eng Persoun vun hinnen.

1943 ass d’Maisy Ginter-Bonichaux mat anere 7 Lëtzebuergerinnen an e Lager vum "Reichsarbeitsdienst" an Thüringen komm. Nach haut erënnert si sech gutt un deen Dag. Wéi si zu Rodange, wou si bal hiert ganz Liewe gewunnt huet, an den Zuch geklommen ass.

„Do sinn ech ebe ganz traureg gaangen, de Kapp hänke gelooss, d’Waliss nogeschleeft. Da si mer an d’Stad gefuer. Menger Mamm hir Schwëster ass awer matgefuer, meng Mamm net. Dat war ze uerg fir si. An do huet ee gewosst, et ass näischt méi ze änneren, du muss fueren, dat war ebe fäerdeg.“

Am däitsche Lager ukomm, goufen d’Aarbechterinnen an Holzbaracken ënnerbruecht. Zivilkleeder duerften d’Aarbechterinnen an hirer RAD-Zäit net undoen. Och am Wanter gouf et keng méi waarm Kleedung.

Virun allem vun Dezember 44 un huet sech d’Lag fir d’Maisy Bonichaux an hir Komerodinne verschlechtert.

„Dir hutt mat der Angscht gelieft, si war ëmmer do. Et huet een net extra dru geduecht. Mir hu fir heiheem gefaart, fir déi 9 Méint, wou mir näischt méi kritt hu vun eisen Elteren. Do wosste mir vun hinne glat a guer näischt. Mir konnten zwee Mol e Bréif heem schreiwen iwwer d’Roud Kräiz. Mee wann eis Elteren dat kritt hunn, wéi laang huet dat gedauert, do hätt eis awer scho kënnen eppes geschitt sinn. Et muss een ëmmer hoffen, soss ass ee verluer.“

Am Mee 1945 hat d’Ongewëssheet en Enn. D’Maisy Bonichaux koum mat anere Lëtzebuergerinnen erëm heem op Lëtzebuerg.

„Dat war natierlech déi Freed, dass een erëm zu Lëtzebuerg war. Well dat anert war jo e friemt Land fir eis. Et war eng friem Sprooch. Et war eng friem Kultur, et war alles Zwang. Alles muss een. Mir hu jo missen den Eed ofleeën fir den Hitler. Jo, ech hunn en awer net ofgeluecht. Ech hu ganz lues gesot ‚Roude Léif friess en, roude Léif friess en'.“

Wat deemools geschitt ass, soll net vergiess ginn, och dowéinst setzt sech d’Maisy Ginter-Bonichaux nach haut, mat 96 Joer, aktiv an. Virun allem, soll net vergiess ginn, dass nieft de Jongen och vill Meedercher, wéi si, zwangsrekrutéiert goufen.

No laangem Engagement gouf e Sonndeg de Moien op der Stater Gare eng Gedenkplack fir déi iwwer 3.600 Lëtzebuerger Fraen ageweit.