Nei Covid-Testzentere solle Laboratoiren entlaaschten
E Méindeg de Mëtteg um 12 Auer ass den neie Covid-Testzenter hei um Kierchbierg an der aler Nationalbibliothéik opgaangen.
Zil ass et jo, d'Laboratoiren ze entlaaschten. An der Lescht koum et do zu laange Waardeschlaange baussen an der Keelt. Dofir ass den neien Zenter och just fir Leit, déi vum Dokter e Corona-Test verschriwwe kruten. Schlaange goufen et e Méindeg nawell, ma weider zousätzlech Test-Statioune sinn a Virbereedung.
Den neien Testzenter um Kierchbierg ass Affer vum eegene Succès. Eng 20 Leit waarde virun der Dier a banne sti schonn eng 30 Leit Schlaang. Bedeit ronn 30 Minutte Waardezäit. Zwou Teststatioune sinn den Ament operationell. Esou kann een elo emol an enger 1. Phas bis zu 200 PCR-Tester den Dag stemmen.
"Es scheint Bedarf zu sein in der Tat, ich denke es war die richtige Strategie. Entsprechend müssen wir überlegen, ob wir noch eine 3. Teststation öffnen, vielleicht eine 4., um dem Bedarf entgegenzukommen.", esou de Professer Dokter Friedrich Mühlschlegel, den Direkter vum LNS.
Bannent 24 Stonne soll de Patient säin Testresultat per SMS kréien, dat ass d'Ambitioun vum LNS, dee fir dësen neien Zenter zoustänneg ass. Eng Erweiderung vun de Statiounen an der aler Nationalbibliothéik, grad wéi e Covid-Testzenter exklusiv fir Leit mat Ordonnance zu Esch wieren ofhängeg vun der Entwécklung vun den Infektiounen an ob ee Personal fënnt.
Wichteg wier awer och, datt d'Prélèvementer weiderhin iwwer all d'Statiounen a Laboen am Land verdeelt géifen, esou nach den Direkter vum LNS.
Dernieft muss awer och virun der aler Nationalbibliothéik no Iwwerdaach-Méiglechkeete gesicht ginn, datt d'Leit, déi dobausse waarden, net am Reen an an der Keelt stinn.
Eng zousätzlech Alternativ fir Leit mat Ordonnance gëtt et vun nächstem Méindeg un zu Jonglënster um P&R, wou nees e Covid-Drive-in-Testzenter wäert opgoen. E bëssen anescht wéi gewinnt, erkläert de Prof. Dr Bernard Weber, Direkter vun der Laboratoires Réunis. D'Leit kréien eng Parkplaz zougewisen, wou se dann an hirem Auto op hiren Tour waarden. Da gi se an e gehëtzte Container bruecht fir den Ofstréch.
Bis zu 1.200 Prélèvementer sollen hei den Dag geholl ginn, mat oder ouni Rendez-vous.