D’Zuele si vun 805 positive Fäll d’lescht Woch op 1.280 Fäll dës Woch geklommen. An de leschte 24 Stonne goufen zu Lëtzebuerg 416 Persoune positiv op de Coronavirus getest. Dat huet d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert e Mëttwoch am Nomëtteg op enger Pressekonferenz confirméiert. D’Altersmoyenne ass liicht eropgaange vu 36,8 op elo 38,8 Joer. Weider huet d’Gesondheetsministesch ënnerstrach, dass d’Situatioun an de Spideeler ka vun Dag zu Dag änneren. Den Ament wier se awer nach stabel. 67 Persoune sinn den Ament hospitaliséiert, 6 dovunner op der Intensivstatioun.
Den Tracing ass e wichtegen Outil an der Pandemie. 37% vun den Neiinfektioune konnten nämlech duerch den Tracing identifizéiert ginn. Déi meeschten Awunner hu sech am Familljekrees ugestach. An Zuelen ausgedréckt kënnt een do op 31%. Spezifesch Clustere ginn et awer net am Land.
D’Situatioun gëtt all Dag nei evaluéiert. Nach hätt sech un der Analys näischt geännert. Et geet drëms, datt de Gesondheetssystem stabil bleift a ka weider fonctionéieren, net nëmme fir Covid-Patienten, sou d’Ministesch.
Donieft huet d’Paulette Lenert betount, dass de Virus ganz present ass. De Risiko, fir sech unzestiechen, wier dowéinst och vill méi grouss. Aus deem Grond wier et enorm wichteg, d’Gestes barrières anzehalen. Och de Motto “Bleift Doheem” hätt erëm seng Aktualitéit. A puncto Deplacementer soll all Eenzele sech ëmmer froen, ob d’Deplacementer an d’Kontakter wierklech néideg sinn. Et wier elo un der Zäit, fir datt jiddereen Efforte mécht.
Den Drock op d’Zerwisser wär och grouss an dowéinst soll een, wann ee bis e positiivt Resultat krut, sech direkt an Autoquarantän setzen an déi Leit uruffen, mat deenen een a Kontakt war.
Wärend der Pressekonferenz huet d’Gesondheetsministesch un d’Awunner appelléiert, op sech opzepassen. Et misst ee méi oppasse wéi am Summer, sou d’Paulette Lenert.