En Donneschdeg an e Freideg ass Studentefoire – net wéi gewinnt an de Foireshalen um Kierchbierg, ma reng digital.

D'Studentefoire ass dëst Joer wéinst der Corona-Pandemie digital an dat mat enger Rei Online-Konferenzen an enger 180 virtuelle Stänn vun Unien, Aarbechtsplazen a Studentecerclen. Wéi gutt fonctionéiert esou eng digital Foire a wéi ass et de Moment eigentlech, Student ze sinn?

E Méindeg schonn haten déi gutt 180 Exposanten hir Stänn opgeriicht, zanter en Donneschdeg de Moien a bis e Freideg den Owend ass de Konferenze-Programm an 2 virtuelle Säll gutt gefëllt an d’Schüler kënnen iwwert en Chatroom Kontakt ophuelen.

D'Polina Bashlay vun der Acel: “Do ass et esou, dass elo de Moien [Donneschdeg] nach net sou e groussen Undrang war, mee bei de Webinairen do hate mir scho Feedback kritt vu Cerclen, an och eise Webinaire do waren 150 Schüler online mat dobäi.”

Richteg ersetze kéint dat digitaalt dat physescht awer net – fir sech an en Chat unzemellen an do ze schreiwe wier d’Hemmschwell dann awer méi héich, wéi wann ee vu Stand zu Stand trëppele kéint.

Ob Bréissel, Berlin, Nanzeg oder och Uni Lëtzebuerg – d’Studenteliewen ass net dat, wat et virdru war.

Wéi vermëttelt een den zukünftege Studenten trotzdeem d’Loscht um Unisliewen?

D'Polina Bashlay vun der Acel: “Also mir hoffen natierlech, dass déi Kris och eng Kéier eriwwer ass, an dass eist Studenteliewen nees normal ka stattfannen, mat den Evenementer, grad och vun der Acel de Studentebal, dass och fir d'Schüler interessant, wann de "Student fir een Dag" ganz normal nees stattfanne kann, an ech mengen domat probéiere mer d'Schüler och ze motivéieren, an hinnen Hoffnung ze ginn, dass et iergendwann nees besser gëtt.”