
De Referendum ass viraussiichtlech fir d’Fréijoer d’nächst Joer geplangt. D’Decisioun wier no erfollegräiche Verhandlungen an enger detailléierter Analys geholl ginn, heescht et an engem Communiqué.
D’Schäfferéit vun de Gemenge Groussbus a Wal informéieren, dass hier Gemengeréit eestëmmeg gëschter um 11. November 2020 an hire Gemengerotssëtzungen hire Wëllen erkläert, hier 2 Gemengen no deenen nächste Gemengewale mateneen ze fusionéieren.
Dës Entscheedung gouf no erfollegräiche Verhandlungen an enger Analys vun de Stäerkten a Schwächen, Chancen a Risike souwéi enger Finanzanalys geholl.
No enger breet ugeluechter Informatiounscampagne sollen d’Bierger aus béide Gemengen an engem Referendum am Fréijoer 2021 hier Meenung zum Ausdrock bréngen.
Groussbus a Wal, den 12. November 2020