Bei enger Entrevue mat der Gesondheetsministesch huet d'Societéit fir Psychiatrie, Pedopsychiatrie a Psychotherapie hir Prioritéite presentéiert.

"Et gëtt en akute Manktem u Psychiateren hei am Land. De System riskéiert, zesummen ze briechen", dat seet den Dr. Robert Wagener vun der Societéit fir Psychiatrie, Pedopsychiatrie a Psychotherapie, kuerz SLPPP. Bei enger Entrevue mat der Gesondheetsministesch Paulette Lenert, leschte Freideg, huet d'Societéit hir Prioritéite presentéiert.

D'Psychiateren hu kloer Fuerderungen un d'Politik / Reportage Claudia Kollwelter

An do misst an den Aen vun de Psychiatere virun allem am Beräich vun der Nomenclature an der Situatioun vun de Garden eppes geschéien.

D'Verhandlunge mat der Krankekeess wieren de Moment am Gaang. D'Akte vun de Psychiateren a Kanner- a Jugendpsychiatere missten onbedéngt revaloriséiert ginn, betount den Dr. Robert Wagener, well de Beruff soss finanziell onattraktiv ass: An do verléieren mer Leit, déi sech anescht dirigéieren an aner Spezialisatioune ginn, well et sech einfach net méi lount, eng Spezialisatioun, déi sou onattraktiv ginn ass, ze wielen.

E weidere Punkt ass dee vun de Garden, den Nuetsdéngschter an den Disponibilitéiten an de Spideeler ënnersträicht de President vun der SPPP, den Dokter Paul Hédo: Do muss eng Kéier gekuckt ginn, datt dat bezuelt gëtt, datt iwwerluecht gëtt wéi déi Contrainte finanziell remuneréiert gëtt. An och wéi nuets Déngschter kënnen organiséiert ginn am globale System. Vläicht muss do eng Mutualisatioun vu verschidde Spideeler, vu verschidde Servicer kommen. Dat heescht do muss eng allgemeng Reflexioun iwwert d'Organisatioun vun den Urgencë kommen. Wat gehéiert an eng Urgence a wat net?

En anere massive Problem wier dee vum Rekrutement: Mir kréien keng Dokteren méi aus dem Ausland oder vill manner wéi virdrun an dofir hu mir proposéiert mat der Uni Lëtzebuerg an der Medical School eng Formatioun fir Erwuessenpsychiatrie an Kanner- a Jugendpsychiatrie hei zu Lëtzebuerg ufänken. Dat kéint ee mat Acteuren vum Terrain vläicht mat enger auslännescher Uni organiséieren.

Et wier een do och op en oppent Ouer vun der Gesondheetsministesch gestouss, sot den Dr. Paul Hedo. D'Paulette Lenert huet no der Entrevue betount, datt si zesumme mam Sozialminister Romain Schneider déi verschidde Prioritéite vun der SPPP duerchgoe wäert. Dem President vun der Societéit no misst elo emol un de kuerzfristege Schrauwe gedréint ginn, mee och déi laangfristeg dierften net vergiess ginn.