Juegd als Fräizäitaktivitéit aklasséiertJeeërfederatioun wiert sech ferme géint temporäre Verbuet vun der Klappjuegd

Roy Grotz
Als Reaktioun op eng parlamentaresch Fro huet d'Carole Dieschbourg d'Juegd als Fräizäitaktivitéit aklasséiert.

D’Jeeërfederatioun wiert sech ferme géint d’Verbuet vun der Klappjuegd bis de 15. Dezember.

Trotz konstruktive Reuniounen hätt d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg net noginn. Wann Ideologie méi wichteg wier, wéi gesonde Mënscheverstand wier et schwéier op e gemeinsamen Nenner ze kommen, sou d’Federatioun Saint-Hubert, fir déi d’Argumentatioun vum Ëmweltministère mat den Hoer erbäigezunn ass.

An eisen Nopeschlänner wier de Lockdown méi streng, eng Klappjuegd mat den néidegen Hygiène-Moossname wier do awer méiglech. D’Federatioun Saint-Hubert vermësst och allgemeng d’Koherenz: dëse Weekend géinge sech dausende Leit duerch d’Geschäfter drécken, awer eng Klappjuegd dierft net sinn.

D’Jeeërfederatioun huet den Dossier bei den Affekot ginn fir ze préiwen, ob juristesch Schrëtt kéinten an d’Weeër geleet ginn.

PDF: Schreiwes vun der FSHCL

Back to Top
CIM LOGO