D'Clientë vun der Stëmm si voller Luef fir d'Aarbecht vun der Organisatioun an anerer Hëllefsaktiounen.

D'Corona-Krise mécht et de sozial Schwaachen an eiser Gesellschaft nach méi schwéier. Och bei der Stëmm vun der Strooss huet ee scho bei der éischter Well gemierkt, datt méi Leit komm sinn.

De Luc Sonntag kënnt zanter 6 Joer an d'Stëmm. Hien ass geleierten Elektriker, huet an engem Altersheem a bei der Post geschafft. E Burnout hätt säi Liewen op d'Kopp gehäit. De Luc Sonntag géif gär rëm schaffen a sech eng eege Wunneng uschafen, hätt och d'Moyenen dofir, mä di aktuell Situatioun mécht d'Sich net méi einfach.

Eng Aarbecht an eng Wunneng... dat wënschen sech vill Leit déi hei bei d'Stëmm kommen, virun der Covid-Kris huet de Rubens mat Autoe gehandelt. Am Lockdown duerft d'Stëmm keng Leit méi eraloossen. Elo dierfen d'Leit rëm eran, awer net all mateneen a just fir kuerz Zäit.

D'Clienten hei si voller Luef fir d'Aarbecht vun der Stëmm, an anerer Hëllefsaktiounen. Och d'Wanteraktioun um Findel, si jo lo méi frei wei soss ugelaf, wat iwwerall begréisst gëtt. Mä et géif eng Plaz feelen, wou d'Leit sech och daagsiwwer mat den néidegen Distanze kéinten ophalen.