ONGe fuerderenEntreprisë forcéieren, fir Mënscherechter anzehalen

Tim Morizet
Frank Goetz
Entreprisë mam Sëtz zu Lëtzebuerg sollen 17 ONGen no per Gesetz forcéiert ginn, fir d'Mënscherechter iwwerall op der Welt anzehalen.
Mënscherechter bei Lëtzebuerger Entreprisen
Entreprise mam Sëtz zu Lëtzebuerg sollen, 17 ONGen no, per Gesetz forcéiert ginn, fir d’Mënscherechter iwwerall op der Welt anzehalen.

Et bléift keng oppe Fro, ma eng Fro vu politescher Decisioun, esou de Jean-Louis Zeien, President vu Fairtrade Lëtzebuerg e Méindeg de Moie virun der Press. Presentéiert gouf e rezente Sondage, deen d’Fuerderung fir e Gesetz ënnerstëtze soll, dat d’Anhale vun de Mënscherechter garantéiert, respektiv d’Net-Anhale konkret bestrooft. Kanner, respektiv Zwangsaarbecht oder Gewalt op der Aarbechtsplaz, soll esou an Zukunft, Länner ofhängeg sanktionéiert ginn.

Mënscherechter / Reportage Tim Morizet

D’Majoritéit vun de Leit wier fir en nationaalt Gesetz, dat Entreprisë mat Sëtz zu Lëtzebuerg dozou ordonéiert, Mënscherechter anzehalen. Dat ass d’Resultat aus engem Sondage deen TNS-Ilres op Demande vun der Initiative Devoir de Vigilance duerchgefouert huet. Eng Plattform zu der 17 ONGe gehéieren an zanter 2018 existéiert.

Am Sondage, an deem 505 Leit befrot goufen, sinn 92 Prozent ganz kloer fir esou ee Gesetz, 93 Prozent sinn dofir, datt an deem Gesetz och Klimaschutzmesurë musse mat agebonne ginn. A 86 Prozent vun de Befrote fannen, datt duerch esou en nationaalt Gesetz déi Lëtzebuerger Kandidatur am UNO-Mënscherechtsrot och méi kredibel wier.

Fir déi Responsabel vun der Initiative ass et e kloert Signal un d’Politik, seet de Jean-Louis Zeien, President vu Fairtrade Lëtzebuerg

Et muss een déi Etüd, déi den Ament vun der Uni Lëtzebuerg [gemaach gëtt], ofwaarden a kucken, wat dobäi erauskënnt. Mä et brauch duerno virun allem nach eppes aneres, an zwar de politeschen de Courage, fir dës Mesuren ëmzesetzen.“

Ëmgesat géif dat heeschen, dat d’Entreprisen och zu Lëtzebuerg kënne viru Gericht geholl ginn, erkläert den Tommy Klein, Meenungsfuerscher bei der TNS Ilres.

Ugeholl et kënnt op eng Palmenueleg-Plantage an engem afrikanesche Land, déi eng Entreprise zu Lëtzebuerg gehéiert, zu Mënscherechtsverletzungen, sief et Ausbeutung vun Aarbechter oder Kanneraarbecht. Opbauent op dësem Beispill si 85 Prozent vun de Befroten am Sondage dofir, datt déi betraffe Leit viru Lëtzebuerger Gerichter Entschiedegunge froen dierfen.“

Och zu Lëtzebuerg ginn et Entreprisen, déi a Mënscherechtsverletzunge verwéckelt sinn, esou ASTM, d’Action Solidarité Tiers Monde.

Änlech Gesetzer existéiere schonn a Frankräich, respektiv Holland. Bei eise franséischen Nopere sinn Entreprise mat iwwer 5.000 Mataarbechter viséiert. An Holland musse lokal Entreprisë recherchéieren, wéi vill Kanneraarbecht an hirem Produit involvéiert ass. Bis ewell hätt sech keng Entreprise wéinst dëse Mesuren aus dëse Länner zeréckgezunn, esou d’Initiative Devoir de Vigilance.

D’Resultater vum Sondage géifen en eendeitegen Handlungsbedarf un den Ausseminister Jean Asselborn ginn, fir an deem Dossier eng politesch Verantwortung ze weisen, esou nach d’Initiative Devoir de Vigilance.

Lëtzebuerg wëll sech fir e Sëtz am UN-Mënscherechtsrot fir d’Period 2022 bis 2024 kandidéieren.

PDF: Schreiwes TNS-Ilres - Opinion des résidents

Back to Top
CIM LOGO