CGDISZu Rëmeleng gouf eng Persoun ugestouss a schwéier blesséiert

RTL Lëtzebuerg
Um Méindeg de Moie kéint 10 Auer gouf eng Persoun an der rue de l'Usine vun engem Auto ugestouss an dobäi éischten Informatiounen no ganz schro verwonnt.
© Domingos Oliveira / RTL

Si gouf, wéi et schéint, e puer Meter duerch d’Loft geschleidert, nodeems se vum Auto erfaasst gouf. Nieft der blesséierter Foussgängerin gouf och den Automobilist, deen ënner Schock stoung, an d’Spidol bruecht.

Op der Plaz waren d’Pompjeeë vu Rëmeleng an Esch, de Samu, grad ewéi d’Ambulanze vun Diddeleng a Beetebuerg. D’Streck hat zäitweis musse fir den Trafic gespaart ginn, ass awer kuerz virun 12 Auer nees komplett opgaangen.

Back to Top
CIM LOGO