
Eng zentral Roll spillt dobäi d’Zäit vun der Spezialisatioun: déi lescht véier bis sechs Joer Formatioun, an deenen aus Theorie Praxis gëtt an d’Responsabilitéiten däitlech klammen. Genee an där Phas wieren d’Konditiounen zu Lëtzebuerg awer dacks onkloer a vu Plaz zu Plaz ganz ënnerschiddlech, kritiséieren d’MEVS – d’"Médecins en voie de spécialisation”, also d’Assistenzdokteren.
Ronn 250 jonk Doktere sinn aktuell zu Lëtzebuerg an der Spezialisatioun. Si schaffen entweder am Spidol oder am extra-hospitalière Beräich fir d’Uni Lëtzebuerg oder a private Praxissen. Mee eppes hu se all gemeinsam: e Statut, deen net eenheetlech gereegelt ass.
D’Yoon Penning, Vizepresidentin vun der ALMEVS – dem Verband vun den Assistenzdokteren – beschreift d’Situatioun esou: “Vue, datt eise Statut als MEVS net esou wierklech definéiert ass, hunn d’Kabineten an d’Maître de Stagen eng gewësse Fräiheet, wéi e Kontrakt ausgesäit a wéi d’Aarbecht remuneréiert gëtt. Verschiddener schaffen als Independant, aner als Salarié. Et gi Leit, déi genau déi nämmlecht Aarbecht maachen, mee ganz anescht encadréiert sinn.”
Dëst féiert zu ongläichen Aarbechtskonditiounen, variabelen Aarbechtszäiten an ënnerschiddleche Salaire. Dobäi kommen héich Liewenskäschten, déi besonnesch fir Jonker eng Belaaschtung duerstellen. Fir vill Mediziner wier de Retour op Lëtzebuerg dofir éischter eng Entscheedung aus Iwwerzeegung – an net well d’Konditioune besonnesch attraktiv wieren.
D’ALMEVS ënnersträicht, datt Assistenzdokteren net als Studenten dierfte gesi ginn, mee als vollwäerteg Gesondheetsprofessioneller. “Mir si keng Studenten. Mir sinn natierlech ofhängeg vun engem Maître de Stage. Mee vill Leit, déi um dräi Auer an der Nuecht an d’Urgence kommen, gesinn dacks fir d’éischt – oder nëmmen – e MEVS. De MEVS ass extreem wichteg am Lëtzebuerger Gesondheetssystem”, seet d’Yoon Penning.
Trotz där wichteger Roll géif et am Land nach ëmmer un engem “roude Fuedem” feelen, wat Rechter a Flichte betrëfft: “Datt d’Leit wëssen, u wie se sech wende kënnen, wann et e Problem gëtt. Wat hir Rechter a Pflichte sinn. Et ass den Ament nach wierklech vill ze vague.”
D’Konsequenz vun de variabele Konditiounen: och an Disziplinnen, wou de Besoin héich ass, ginn heiansdo Plazen net besat.
“Och an der Médecine générale si lescht Joer vill Plaze fräi bliwwen. Et goufe méi Plazen ugebueden ewéi Leit, déi sech gemellt oder den Exame gepackt hunn”, bedauert d’Penning.
Dëst steet am Kontrast zu anere Länner, wou d’Nofro an d’Konkurrenz fir Spezialisatiounsplazen immens héich bleift. Zu Lëtzebuerg kéinten onkloer Strukturen an d’Liewenskäschten eng Roll spillen.
Zanter Mäerz lescht Joer lafen Negociatioune mam Gesondheetsministère iwwer eng eenheetlech Konventioun fir Assistenzdokteren. Et geet ënner anerem ëm Aarbechtszäiten, Garden an Iwwerstonnen – déi jee no Service 40, 60 oder och iwwer 100 Stonnen d’Woch kënnen erreechen.
“D’Iwwerstonnen an d’Garde gi ganz anescht an all Spidol bezuelt. Eng vun eise grousse Fuerderungen ass och, datt d’Ausbildungsméiglechkeeten déi nämmlecht solle sinn. Verschiddener hunn e Budget fir Kongresser, anerer kréien näischt“, kritiséiert d’Vizepresidentin.
Besonnesch de Salaire bleift e Sträitpunkt. D’ALMEVS fuerdert eng Upassung un d’A1-Karriär vum Staat.
“Mir hunn alleguerten tëscht véier a sechs Joer Uni gemaach. Dat ass eng A1-Karriär. Mee mir leien däitlech drënner. Lëtzebuerg ass en deiert Land – dat ass esou net ‘sustainable’.”
Eng Upassung vum gesetzleche Kader an eng nei Charta fir Dokteren an der Ausbildung kéinten, esou d’ALMEVS, op d’mannst eng partiell Léisung sinn. D’Zil: méi Transparenz, besser Aarbechtskonditiounen an eng méi grouss Attraktivitéit fir déi nächst Generatioun un Dokteren. Well ouni strukturell Verbesserunge géif Lëtzebuerg riskéieren, am internationale Konkurrenzkampf ëm jonk Medezinner, wieder un Terrain ze verléieren.