Aus dem PolicebulletinVerdächteger no Abroch um Briddel festgeholl, presuméierten Dealer op der Gare gestallt

RTL Lëtzebuerg
Op der Gare an um Briddel goufe Verdächteger jeeweils in flagranti erwëscht a goufen nach op der Plaz festgeholl.
© Laurent Weber

E Méindeg de Moie gouf an een Haus an der Rue de Schoenfels um Briddel agebrach. Eng Policepatrull ass direkt op d’Plaz gefuer a konnt zwee Verdächteger in flagranti am Haus erwëschen. Op Uerder vum Parquet goufen déi presuméiert Abriecher festgeholl an nach den nämmlechten Dag virun den Untersuchungsriichter bruecht.

Och e Sonndeg den Owend gouf et ee Virfall, an deem d’Beamten an Zivil eng Persoun an der Rue Jean-Pierre David Heldenstein festgeholl hunn. De Mann hat de Beamten Drogen ugebueden, andeems hien hinnen eng Drogekugel gewisen hat. D’Zivilbeamten hu sech doropshin als Polizisten ze erkenne ginn an hunn de Verdächtegen nach op der Plaz festgeholl. Bei enger Scanner-Analys war näischt weider ze gesinn. De Parquet huet ordonéiert, datt de Verdächtege sollt festgeholl ginn an e koum e Méindeg de Moie virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO