Se gouf 2008 vun der UN initiéiert, fir géint dës Problematik en Zeechen ze setzen. All Dag gi weltwäit 137 Fraen duerch e gewalttätege Familljemember ëmbruecht. Dat ass awer net déi eenzeg Form vu Gewalt, déi geet vun der sexueller oder och ekonomescher, bis hin zur haislecher Gewalt, eng Problematik, déi och hei am Land éischter Frae betrëfft. Duerch Gewalt am Stot sinn do dann dacks och vill Kanner a Jugendlecher direkt mat betraff. De Vereenten Natiounen no wier, nieft der Covid-Pandemie, d’Gewalt géint Fraen en parallel awer eng verstoppte Pandemie, eng sougenannt “Pandemie fantome”.

Ëmmerhi solle 35% vu de Fraen an hirem Liewen emol physesch oder sexuell Abusen erliewen, sexuell Belästegung net matgerechent, dat erliewen der 70% vun de Fraen a Meedercher. Enttabuiséieren, Debanaliséiren... den #Break the Silence as een Haaptmotto. An dofir brauch et Visibilitéit, eng éischt Kéier hat och d’Luxair matgemaach, grenziwwerschreidend mat engem Fliger, deen elo net méi Blo, mä an orange Faarwen uechtert Europa geflunn ass. D’Lëtzebuerger Fluchgesellschaft ass ee vun den neie Partner, déi dëst Joer bäikoumen.
Zënter 2017 ass nämlech och Lëtzebuerg ganz aktiv bei der Campagne dobäi, dëst Joer huet een Dank Covid missen ëmdenken. Eng Marche “Orange” uechtert d’Stroosse war net méiglech, ma visuell staark waren trotzdeem di sëllegen orange-beliichte Gebailechkeeten, jee et gouf op de verschiddenste Plazen a Supporten op déi weltwäit Campagne vun de Vereenten Natiounen opmierksam gemaach, virop op de soziale Medien. Zu Lëtzebuerg gëtt dës vum Nationale Fraerot koordinéiert. Trotz sanitärer Kris konnt een e positive Bilan zeien.

Iwwer 2 Wochen Internationalen Aktivismus fir en Zeechen ze setzen, sinn also elo eriwwer, ma d’Lutte geet weider. De nationale Fraerot fuerdert ënner anerem och eng méi laang Verjärungsfrist. Zu Lëtzebuerg läit déi aktuell bei 10 Joer. Am Ausland sinn et der zum Deel 30. Eng Zäit déi d’Affer bräichten, fir hier Traumaen ze verschaffen a psychologesch prett ze sinn, och juristesch géint en Täter virzegoen.