Rapport virgestallt119 Societéiten op rouder Lëscht vum Lëtzebuerger Kompensatiounsfong

Serge Pauly
En Donneschdeg gouf de Rapport iwwert d'Investissementspolitik vum Lëtzebuerger Kompensatiounsfong virgestallt.
Lëtzebuerger Kompensatiounsfong
119 Gesellschafte stinn aktuell op der rouder Lëscht vum Lëtzebuerger Kompensatiounsfong.

“Um richtege Wee, wann och nach net perfekt”, esou kommentéiert de Sozialminister Romain Schneider deen éischte Rapport iwwert d’Investissementer vum Kompensatiounsfong.

Dëse Rapport gouf net gemaach, well et eng legal Obligatioun gouf, mä d’Zil war et, fir esou transparent wéi méiglech ze sinn.
D’Debatt iwwert d’Investissementer vum Kompensatiounsfong muss op eng transparent Manéier gefouert ginn, ënnersträicht de Sozialminister Romain Schneider.

Ech mengen, dat kann een dem Pensiounsfong an och dem Ministère net virhalen, dass mer net d’Transparenz hei spillen. Et kann ee genau iwwerall kucken, wou eis Exklusiounslëschte sinn, déi Entreprisë fannt der online. Dëse Rapport ass der Chamber fir d’éischt presentéiert ginn, elo der Presse an elo gëtt en dobausse public gemaach.

Op deenen Exklusiounslëschten, déi de Minister ugeschwat huet, stinn 119 Entreprisen. D’Lëscht gouf 2011 agefouert, als éischt Element vu méi enger nohalteger Politik, esou de Christian Würth vun der CNAP.

Domadder wëlle mer sécherstellen, dass weder Aarbechtsrecht, nach Mënscherechter, nach Ëmweltnorme violéiert ginn. Mir engagéieren eis och am Kampf géint Korruptioun a mir stellen domadder sécher, dass mer net a kontroverséiert Waffen investéieren.

De President vum Kompensatiounsfong, de Fernand Lepage sot en Donneschdeg, datt hien déi Debatt iwwert de Pensiounsfong e bëssen traureg mécht.

Sief dat an der Politik, an der Zivilgesellschaft, mä awer och an der Press. Ech ginn den Androck net lass, dass déi Diskussioun sech limitéiert op d’Finanzementspolitik vum Fonds de compensation. Et ass e risegen Equiliber am Debat public iwwert d’CNAP, wat d’Gesamtversécherung duerstellt an de Kompensatiounsfong. Et dierf een net vergiessen, de Kompensatiounsfong ass eigentlech den Accessoire vun der CNAP.

En Accessoire, deen zënter 2007 9 Milliarden Euro erwirtschaft huet.

Kompensatiounsfong / Rep. Dany Rasqué

Back to Top
CIM LOGO