Keng substantiell Objektiounen

© RTL Archivbild
En Dënschdeg de Moie gëtt d'Verlängere vun de Covid-Restriktiounen an der Chamber gestëmmt.
Ausser dem Avis vum Staatsrot, deen nëmme formal-juristesch Remarken zum Gesetzesprojet hat, louch den Deputéierte just den Avis vun der Mënscherechtskommissioun fir.
Heiranner gëtt ënner anerem begréisst, datt den obligatoresche sanitäre Protokoll fir d'Supermarchéë genee preziséiert gëtt. Prezisiounen, déi soss gefeelt hunn an elo am neien Text vum Gesetzesprojet 7733 nogeholl ginn.
Kritesch hannerfreet d'Mënscherechtskommissioun, firwat kulturell Aktivitéiten an Opféierungen an Theatere verbuede sinn, ëmmerhi géifen d'kulturell Rechter och zu de Mënscherechter gehéieren a wiere Basis fir d'psychologesch Gesondheet vun de Leit.
D'CCDH freet sech op wéi enger wëssenschaftlecher Basis dëst Verbuet ausgeschwat gëtt a firwat dann d'Ustiechungsgefor an Theateren zB méi grouss wier, wéi an de Butteker, déi jo kënne weider op bleiwen.
D'consultativ Kommissioun mécht de Rappell un d'Regierung, fir iwwert d'Fermeturen am Kulturdomaine nozedenken, fir dass keng Mesurë geholl ginn, déi net méi an de Proportioune sinn.
Onkloerheete gesäit d'Mënscherechtskommissioun am Abschnitt iwwert d'Glawenscommunautéiten, an deem preziséiert gëtt, datt déi Plazen dierfen op bleiwen, déi exklusiv fir Massen a reliéis Zeremonie genëtzt ginn. Hei géif de Risk bestoen, datt Kulten diskriminéiert ginn, déi keng esou fix Plazen hunn. An deem Sënn ass iwwerdeem net méi spéit wéi e Méindeg eng Reunioun tëscht dem Kultusminister Xavier Bettel an de Glawenscommunautéiten, fir iwwert d'Covid-Dispositiounen ze schwätzen, absënns jo och virun de Feierdeeg, wou traditionell bei de Katholicke jo d'Chrëschtmasse gefeiert ginn. Metten op Hallefnuecht si wéinst dem Couvre-feu jo keng erlaabt.
D'Kommissioun begréisst dann an engem aneren Deel vum Avis, datt am neie Covid-Gesetz preziséiert gëtt, datt zB weider dierf a soziale Strukturen, déi vun Asble geréiert ginn, Iessen zerwéiert ginn, och d'Kantinnen a Betriber bleiwe jo op.
De Rapport zum neie Covid-Gesetz vum Mars di Bartolomeo gouf e Méindeg de Moien ugeholl, en Dënschdeg deMoie schonn ass de Vott dann am Cercle, ier am Nomëtteg de grénge Budgetsrapporter François Benoy d'Wuert huet.