D’Oppositioun huet hirersäits net mat Kritik gespuert. D’Mesurë wieren inkoherent an ineffikass.
Mat dësem Gesetzprojet ginn déi aktuell Restriktioune bis de 15. Januar verlängert. Domadder bleiwen d’Caféen an d’Restaurante weiderhin zou, genee wéi Kinoen, Theateren, Fitnesszenteren, Sportshalen a Schwämmen. De Couvre-feu tëscht 23 a 6 Auer bleift och weiderhi bestoen an et däerfe just 2 Leit aus dem selwechte Stot bei een aneren Heem goen. Mam neie Gesetz géing awer elo eng wichteg Prezisioun gemaach ginn, fir eng gewëssen deloyal Konkurrenz z’ënnerbannen, erkläert de Rapporter vum Gesetzprojet, den LSAP-Deputéierte Mars di Bartolomeo.
“E wichtegen Detail am Zesummenhang mat der “Vente à emporter”, déi jo fir Caféen an Restaurante weiderhin erlaabt ass, verbitt d’Gesetz elo ausdrécklech d’Consommation sur place op Plazen, déi dofir ageriicht goufen: an a ronderëm op Terrasse vun Caféen an Restauranten, an den Hotellen, bannent de Centre-commerciallen, mee och an de Garen.”
Ferm Kritik gouf et iwwerdeems vun der CSV. D’Mesurë wären inkoherent an d’Leit géinge se einfach net verstoen. D’Realitéit wier déi, dass Lëtzebuerg europawäit, wann net souguer weltwäit mat Spëtzereider vun den entwéckelte Länner wier, wat d’Neiinfektiounen an d’Zuel vu Covid-Doudegen ugeet, sou den Claude Wiseler.
“Fir eis sinn all déi Moossnamen, déi mer elo verlängeren, vill ze spéit komm, ginn net wäit genuch, sinn net koherent, sinn technesch wierklech problematesch. Mir kënnen dësen Text net stëmmen, dat ass kloer an däitlech. An ech soen der Regierung, passt op wéi dir an den nächste Woche Politik gestalt an explizéiert. Mir hu quasi weltwäit déi schlechtste Zuelen. Mir hu keng koherent Politik. Mir sinn am Gaangen Autoritéit a Kredibilitéit ze verléieren. An dat ass a Krisen-Zäiten een extrem besuergneserreegende Phänomen.”
D’CSV fuerdert direkt, konkret an effikass Moossnamen an no der Vakanz am Januar misst d’Regierung och eng Laangzäit-Strategie presentéieren, wéi een déi nächst Méint wéilt gestalten, sou de Claude Wiseler.
Et géing ee feststellen, dass d’Mesuren, déi viru ronn 7 Woche geholl goufen, ineffikass wären an net zu de gewënschte Resultater gefouert hätten, betount och den Deputéierte vun déi Lénk Marc Baum.
“An ech mengen, dass et net duergeet mat engem klengen Ajout, déi aktuell Mesurë just weiderzeféieren, well se si perspektivlos. Se bidden net d’Perspektiv op d’Hoffnung, dass mer dann de 15. Januar an enger Situatioun wieren, wou mer wesentlech manner Neiinfektiounen hätten, well mer déi lescht 7 Woche gesinn, dass et ee wesentlechen Abroch net ginn ass. Dofir ass de Vott hei, ee Vott vun der Perspektivlosegkeet.”
Och wann d’Oppositioun komplett géint dat neit Covid-Gesetz wäert stëmmen, war et awer den Appell, ënner anerem vum Pirat Sven Clement fir sech trotzdeem un d’Mesuren ze halen, eppes wat de Premier Xavier Bettel och begréisst huet.
Eng weider Mesure, déi mam neie Covid-Gesetz geholl gouf, ass dass d’Grande-Surfacen, déi eng sougenannte “Galerie marchande” hunn, bannent den nächsten 3 Deeg nodeems d’Gesetz gestëmmt ass, e sanitäre Protokoll ofginn, dee vun der Santésdirektioun muss ofgeseent ginn.