
Nom Succès vum sougenannten “Defence bond” hat de Finanzminister schonn an Aussiicht gestallt, datt d’Regierung d’Bierger och bei Obligatiounen an aneren Domäner wéi dem Logement oder der Energietransitioun bedeelege kéint. E Mëttwoch de Mëtteg ass de Gilles Roth an der Chamber méi konkret ginn. D’Regierung géif den Ament un engem neie Mesurëpak fir de Logement schaffen, esou den CSV-Minister. An do kéint, senger Meenung no op alle Fall, en “Housing bond” derbäi sinn.
Dem Gilles Roth no kéint een déi Emissioun schonn Enn des Joers, Uganks nächst Joer op de Wee bréngen. Mat enger kuerzer Lafzäit an engem attraktiven Zënstaux. Fir e Volume vun am ganze bis zu 150 bis 250 Milliounen Euro. Dat ganzt muss natierlech nach vum Regierungsrot ofgeseent ginn. Mat deene Sue kéinten d’Leit sech u staatleche Locatiounswunnenge bedeelegen, sou de Gilles Roth.
Den CSV-Finanzminister huet och nach ugekënnegt, datt de Staat nach dëse Mount en Emprunt vun zwou Milliarden Euro mécht.
De Lëtzebuerger Staat hat den hallwe Januar d’Souscriptioun fir den éischten “Defence Bond” lancéiert. Mat engem Zënstaux vun 2,25 Prozent. D’Obligatioune ware bei de fënnef Banken, déi matgemaach hunn, an Zäit vun nëmmen e puer Stonnen all verginn. 2.380 Leit hu sech bei der Aktioun bedeelegt, fir mat hire Suen an den “effort de défense” vu Lëtzebuerg z’investéieren. D’Altersfourchette geet dem Finanzministère no vu manner wéi 18 Joer bis iwwer 90. D’Majoritéit, knapp 42%, hunn eng Souscriptioun vun 10.000 bis 50.000 Euro gemaach. Ganzer 17,6% hunn de Maximum vun 150.000 Euro investéiert, esou ass en engem Schreiwes vum Finanzministère ze liesen.