Ministère rifft Schoulen op, fir no der Vakanz prett fir all Zenario ze sinn
RTL-Informatiounen no krute verschidden Eltere scho matgedeelt, datt d'Kanner hir Bicher an Hefter vun den Haaptfächer sollte fir d'Vakanz mat heem huelen.
Haalt Iech prett, fir och kënnen digital ze funktionéieren, ënnert anerem dee Message geet en Donneschdeg via Newsletter vum Educatiounsministère un all d'Enseignanten am Land eraus. Wéi eis den héije Beamte Lex Folscheid sot, wier et, wéi scho virun der Allerhellegevakanz och, den Appell un den Terrain, fir ze kucken, datt d'Teamsgruppe funktionéieren an een de Schüler a Schülerinne Material soll mat ginn, fir ze üben.
Dat heescht net, datt eng Verlängerung vun der Chrëschtvakanz an allgemengen Homeschooling decidéiert ass. Et wéisst een an dësen Zäiten einfach net, wou een drun ass, an et misst ee sech einfach op alles preparéieren. Och datt d'Decisioune kéinten an der Vakanz vun der Regierung geholl ginn, déi nei national Mesuren an der Schoul mat sech bréngen. Eisen Informatiounen no krute verschidden Eltere scho matgedeelt, datt d'Kanner hir Bicher an Hefter vun den Haaptfächer sollte fir d'Vakanz mat heem huelen.
Dem Lex Folscheid no géif de Ministère de Kanner och roden, fir notamment Bicher matzehuelen, fir eng Beschäftegung doheem ze hunn, an enger Vakanz, an där et manner extern Aktivitéiten a manner Treffe mat Frënn wäert ginn. Den Educatiounsministère selwer géif och kucken, fir verschidden Toolen nach zur Verfügung ze stellen.
E Freideg de Moien ass de Regierungsrot beieneen, fir nach emol de Point ze maachen. D'Fermeture vun der Schoul wier ëmmer nëmmen een Element vun engem Gesamtkonzept, heescht et nach vum Aldringer. Wéi een héiert, wier awer op d'mannst an der Diskussioun, Schoulen an Eenzelhandel bis de 15. Januar zouzemaachen.
Natierlech ass eng Iwwerleeung, fir d'Chrëschtvakanz zu Lëtzebuerg ze verlängeren, dat seet den Educatiounsminister Claude Meisch. Hien huet e Mëttwoch an engem Livechat op Froe vun de Leit geäntwert. An der Vakanz wéilt een nach emol eng genee Analys maachen, wou sech de Coronavirus an der Schoul verbreet huet an a wéi wäit déi héich Infektiounszuelen an der Gesellschaft eng Belaaschtung fir d'Schoul sinn. D'Fermeturë vun der Schoul wier eng Pist fir ze handelen, awer net déi eenzeg. Hie wier zwar kee Frënd fir den alternéierten Homeschooling op déi ënnescht Klassen auszebauen, mä vläicht géif een op de Punkt kommen, datt dat néideg gëtt.
Wann de Virus am ganze Land verbreet ass an doduerch och an de Schoule wier kloer, datt dat ganz schwéier ze handhaben ass. An da géif et keng Wonnerléisung a keng 35 Methode ginn, fir de Virus gebremst ze kréien.
Fir de Januar huet de Ministère 12.000 CO2-Miessapparater fir d'Klassesäll kaaft. De Claude Meisch hat dës Woch an der Chamber och d'Iwwerleeung opgeworf, datt och d'Léierpersonal prioritär géint de Covid-19 misst kënne geimpft ginn.
Aus Virsiicht op eventuell méi Kontakter a manner Distanz iwwert d'Feierdeeg, huet de Lycée Vauban, zesumme mam Educatiounsministère an der franséischer Ambassade, decidéiert, fir d'Schoulen de 4., 5. a 6. Januar 2021 zouzeloossen an d'Rentrée eréischt donneschdes, de 7. Januar ze hunn. De Cours wäert op deenen Deeg à distance gehale ginn.