Um SamschdegVaccin vu Biontech a Pfizer och elo zu Lëtzebuerg ukomm

RTL Lëtzebuerg
Lëtzebuerg kritt jo an enger éischter Phas 9.700 Dosissen.

Well all Persoun 2 Mol muss geimpft ginn, kënnen zu Lëtzebuerg domat ronn 4.850 Persoune geimpft ginn. E Méindeg fänkt d’Impfcampagne am Impfzenter an der Victor Hugo Hal um Lampertsbierg un. Hei ginn dann iwwer 3 Deeg all Dag 430 Leit vum Gesondheets- a Fleegepersonal aus de Spideeler an Altersheemer geimpft. Duerno mécht den Zenter seng Dieren erëm zou. Dat bis den 18. Januar, fir dëse Leit dann hir 2. Dosis ze sprëtzen. E Samschdeg am Nomëtteg sinn déi éischt Dosen zu Lëtzebuerg ukomm.

An Däitschland an a Frankräich koum e Samschdeg de Moien d’Nouvelle, datt déi éischt Liwwerunge vum Impfstoff ukomm sinn.

Kuerz virun den éischte Corona-Impfungen an der Europäescher Unioun huet d’Kommissiounspresidentin Hoffnung op méi Normalitéit am Joer 2021 gemaach.

“D’Impfunge wäerten dobäi hëllefen, no an no zu eisem normale Liewen zeréckzekommen”, sou d’Ursula von der Leyen an engem op Twitter publizéierte Video. Wa bis genuch Mënsche geimpft gi wären, kéint een nees ufänken, fir ze reesen, Frënn a Famill ze treffen an d’Feierdeeg normal ze verbréngen. “Awer bis dohinner musse mir weider virsiichteg sinn”, sou de Rappell vun der Kommissiounspresidentin.

Déi éischt Impfunge géint de Coronavirus sollen e Sonndeg an der EU gesprëtzt ginn. Den Impfstoff soll zäitgläich an alle 27 EU-Staaten zur Verfügung stoen.

Back to Top
CIM LOGO