Laurent Mosar schléisst Kontraktverlängerung net aus, weiderer kéinte bäikommen

© Domingos Oliveira / RTL
En Donneschdeg war eng gemeinsam Sëtzung vun der Chamberkommissioun fir Justiz a fir bannenzeg Sécherheet.
Wéi eng Missiounen dierf eng privat Sécherheetsfirma dem Gesetz no erfëllen?
Op Initiativ vun der Piratepartei gouf dës Fro hat an enger gemeinsamer Sëtzung vun der Chamberkommissioun fir Justiz a fir bannenzeg Sécherheet diskutéiert. Do waren och déi concernéiert Ministere Sam Tanson an Henri Kox dobäi.
D'Piraten fannen et net akzeptabel, dass Agente vu private Sécherheetsfirmaen am ëffentleche Raum patrulléieren, wéi zu Déifferdeng oder elo rezent op der Stater Gare. Dat wär eenzeg an eleng de Kompetenzberäich vun der Police.
Nom Echange vun de Vuë gouf et Konsens, dass d'Gesetz iwwer de Gardiennage vun 2002 misst iwwerschafft ginn. Deemools war de Staatsrot der Meenung, dass de Punkt vun der Surveillance am ëffentleche Raum net sollt an deem Gesetz stoen. Déi aktuell Justizministesch Sam Tanson:
''Iwwer d'Joren huet awer op ville Plazen eng grouss Praxis sech breet gemaach, fir ëmmer méi op déi Sécherheetsfirmaen zeréckzegräifen. Well ëmmer méi grouss Evenementer organiséiert gi sinn, an et dann ebe gutt war, wann een op eng punktuell Hëllef konnt zeréckgräifen, fir e Kader ze setzen. Dat war den Ufank an dat huet sech ëmmer méi breet gemaach, bis eben elo déi rezent Fäll.''
D'Justizministesch seet, si wär sech mat der Federatioun vun de Sécherheetsentreprisen eens, dass ee misst legiferéieren, fir Kloerheet ze schafen. Dat iwwer de Service am ëffentleche Raum, mä och méi punktuell, am Evenementiel zum Beispill. Méi präzis wollt d'Sam Tanson nach net ginn.
Den CSV-Deputéierte Laurent Mosar begréisst d'Bereetschaft, d'Gesetz ze iwwerschaffen.
''Wa mir elo alleguerten zu der Konklusioun kommen, dass et wichteg ass, dass een d'Gesetz do nach eng Kéier präziséiert, ass dat ëmmer eng gutt Saach. Mech wonnert et just, dass elo bemol déi Fuerderung kënnt, nodeems d'Stad Lëtzebuerg déi Initiativ am Garer Quartier geholl huet, am Wëssen, dass scho ganz vill Gemengen an och de Staat iwwer Joren op déi Déngschter vun esou private Sécherheetsgesellschaften zeréckgräifen.''
De Marc Goergen vun de Piraten och. Senger Meenung misst dat Gesetz et verbidden, dass privat Sécherheetsagenten am ëffentleche Raum oppassen.
''Mir kommen do an eng ganz bedreelech Situatioun. Mir hunn dach eng Police, déi fir esou Aufgaben ausgebilt ass, wou Leit huet, deenen ee ka vertrauen. D'Fro bei de Sécherheetsfirmaen ass: wien ass dat, deen iech dann nogeet? Wien mellt iech hannenno? Villäicht gefaalt Dir deem net, firwat och ëmmer. Dat rifft deen d'Police.''
D'Gesellschaften an all Agent mussen zwar beweisen, dass se hir Aufgab éierbar maachen. 30 där Betriber ginn et hei am Land.
Gläichzäiteg betount de Laurent Mosar als Schäffe vun der Stad Lëtzebuerg, wéi positiv vill Stater Awunner op dës Patrullen op der Gare reagéiert hätten. De Kontrakt mat der Sécherheetsfirma leeft Enn des Mounts aus. Elo soll Bilan gezu ginn. De Laurent Mosar kéint net ausschléissen, dass de Kontrakt verlängert gëtt. Et wär och méiglech, dass nach Patrullen engagéiert ginn, fir am Bouneweger Quartier ze patrulléieren.