Den Zenter an der Victor Hugo Hal um Lampertsbierg war virun déck zwou Wochen zougemaach ginn, e Méindeg huet en nees seng Dieren opgemaach.

Reouverture vum Impfzenter um Lampertsbierg
Den Zenter an der Victor Hugo Hal um Lampertsbierg war virun déck zwou Wochen zougemaach ginn, e Méindeg huet en nees seng Dieren opgemaach.

Fir déi eng war et hier zweet Impf-Dosis, fir déi aner déi alleréischt. Ee ganze spezielle Visiteur hat säi Wee donieft och op bis op de Lampertsbierg fonnt, an zwar de Grand-Duc Henri héchstperséinlech. Gepickt gouf de Monseigneur awer ne, hie wollt sech mol den Oflaf ganz genee ukucken an och de Benevolle Merci soen.

Eng Rëtsch Nole goungen hei an der Stad schonn ënnert d'Haut. Op den Dag sinn et uechter d'ganz Land bis ewell 4.000 Leit, déi hier éischt Impfung kruten. Déi meescht komme bis ewell nach aus dem Fleegesecteur, sou de Luc Feller, Haut-Commissaire à la protection nationale.

Hei ware bis de leschte Freideg ronn 1.500 Leit geimpft. Doriwwer eraus hu mer och Leit an den Alters- a Fleegeheemer mat eise mobillen Ekippe besicht. Do si mëttlerweil ronn 1.100 Leit geimpft. All déi aner, déi als Prioritär gëllen an déi Leit aus dem Copas-Wiesen, alleguer déi ginn an dës Zenteren ewéi dës invitéiert.“

Zwee Vaccine si bis ewell zu Lëtzebuerg zougelooss. Op elo Däitsch oder Amerikanesch, eraussiche kann ee sech de Vaccin net selwer.

Par Rapport zu de Recommandatioune vun de vsanitären Autoritéite leien déi 2 Vaccine relativ no beieneen, wat d'Indikatiounen a Kontra-Indikatiounen ugeet. D'Vaccinatioun ass e medezineschen Akt. D'Leit gesinn en Dokter virun, datt se geimpft ginn. Et ass den Dokter, deen decidéiert wéieen Impfstoff am beschten adaptéiert fir déi jeeweileg Leit ass.“

Bei den Niewewierkunge vum Vaccin si weider keng nei Erfarunge gemaach ginn, ewéi déi bei de Kolleegen am Ausland, esou den Haut-commissaire à la protection nationale.

Datt ee mol vläicht déi Plaz, wou ee gepickt gouf, e bësse wéi huet. Mee „de manière-generale“ hu mer an de Réckmeldunge vun den Doktere bis ewell keng gréisser Niewewierkunge konstatéiert.“Bis ewell wier net esou vill geimpft ginn ewéi ee sech dat géif wënschen. Ma den Ament géif et einfach u festen Zousoe vun de Produzente feelen.

Fir, datt mer méi schnell kënnen impfen, misste mer d'Leit amfong schonn invitéiere virun, datt de Vaccin hei zu Lëtzebuerg ass. Et huet een déi ganz Polemik ronderëm de Pfizer-Vaccin matkritt déi lescht Deeg. Bemol heescht et aus heiterem Himmel, datt een awer net esouvill an den nächste Woche liwwere kann ewéi Ugangs zougesot. Stellt Iech emol vir, mir hätten d'Leit elo schonn all invitéiert, mee et wier kee Vaccin do. Dann hätte mer en anere Problem."

Bis Enn Mäerz sollen eppes méi wéi 86.000 Dosisse geliwwert ginn, mat deene knapps iwwer 43.000 Persoune kéinte geimpft ginn.