D'Noriicht, dass den Impfzenter fir den Osten soll op Munneref kommen, huet op de soziale Reseauen nawell fir vill Diskussioun gesuergt.

Munneref wier ze wäit ewech vun den aneren Ostgemengen, esou d'Kritik deelweis. Eng Parlamentaresch Fro vun den DP-Deputéierte Gilles Baum a Carole Hartmann zu dësem Sujet huet de Parteikolleeg a Munnerëffer Buergermeeschter Steve Reckel iwwerrascht.

Extrait Steve Reckel

Mir schwätze vun enger Urgence nationale an dovunner, datt jiddereen nees normal kéint liewen. An dat dat vläicht d'Léisung ass, fir der Kris en Enn ze setzen. Da mengen ech, datt et absolut net wichteg ass, wou, wéini a wat fir ee Site een eraussicht, mä dat et wichteg ass, dat Leit sech kënnen impfe loossen. A mir hunn hei e Site zu Verfügung gestallt. A mengt net, datt déi Leit, déi normalerweis dee Site hei benotzten, also d'Scouten, dat déi an d'Hänn geklappt hunn. An awer hu si et ganz positiv opgeholl, well fir si ass dat och e Benevolat, eng BA, déi si maachen. Mir schwätzen hei vu 6 Méint bis ee Joer, wou dee Site hei soll genotzt ginn a wärend där Zäit ka soss hei näischt geschéien. An ech mengen ze wëssen, datt vill Gemengen net konnten oder net bereet waren, fir e Site esoulaang ze blockéieren.
Fir en Impfzenter kënnen en place ze setzen, mussen nämlech eng gutt Accessibilitéit, esou wéi och déi néideg Raimlechkeeten am Gebai a genuch Parkplaze kënne garantéiert ginn.

Mat der Question parlementaire hätt ee net wëllen déi eng Gemeng géint déi aner opstëppelen an et géing een de Projet vum Munnerëffer Impfzenter och begréissen, esou d'Carole Hartmann op d'Reprochen. Si wier awer och iwwerrascht vun der Diskussioun, déi lassgetrëppelt gouf.

Extrait Carole Hartmann

Datt d'Resonanz esou grouss ass, heescht fir mech, datt d'Leit sech dofir interesséieren, wou d'Impfzenteren hikommen. An dat heescht och fir mech, datt d'Leit och gewollt sinn, sech impfen ze loossen. [...] D'Polemik ass e bëssen doduerch entstanen, datt elo e bëssen e Kampf ass, déi Eng géint déi Aner. Dat ass awer elo guer net eis Approche gewiescht, vun der Question parlamentaire. Mir hu gesot "Ok, et kënnt een Zenter op Mondorf. Ma wéi ass et mat deenen anere Regiounen oder an dësem Fall deenen anere Kantonen aus der Regioun Osten?" An do muss een elo kucken, ob nach aner Strukture méiglech sinn oder op Strukturen, déi no um Oste sinn, consideréiert ginn. An do waarde mer elo op d'Äntwerte vun der Regierung.

Well d'Regierung eng flächendeckend Impfstrategie ugekënnegt huet, misst een doriwwer nodenken, ob net och aner Impfzenter solle geplangt ginn, esou nach d'Carole Hartmann, DP-Deputéiert a Gemengeconseillère vun Iechternach.