E Freideg hat d’Santé jo Chiffere publizéiert, wéini a wéi vill vun de bis ewell zougeloossene Vaccine bis Enn Mäerz geliwwert ginn.

Den Zenter an der Victor-Hugo-Hal um Lampertsbierg war jo virun déck zwou Wochen zougemaach ginn, mä mécht elo nees seng Dieren op, sou dass do d'Leit hire Rappell mat enger zweeter Impf-Dosis kënne kréien, awer och weider Leit fir eng éischt Dosis kënnen dohinner goen.

Bis Enn Mäerz sollen eppes méi wéi 86.000 Dosisse geliwwert ginn, mat deene knapps iwwer 43.000 Persoune kéinte geimpft ginn.

Dat da vläicht och schonn am neien Impfzenter fir den Osten, deen eisen Informatiounen no jo soll op Munneref kommen. Am Scouts-Home um Site vum fréiere Camping soll dat Ganzt installéiert ginn. Dat wier op alle Fall esou am Regierungsrot e Freideg beschloss ginn.

Iwwert déi Plaz ass net jiddereen immens begeeschtert, weist sech op de sozialen Netzwierker, beispillsweis bei verschiddenen Ost-Politiker, an dat Ganzt dierft och politesch e Sujet ginn. Souwuel d’CSV-, wéi och DP-Deputéiert aus dem Osten, nämlech de Fraktiounschef Gilles Baum an d’Carole Hartmann hunn eng parlamentaresch Fro an deem Sënn un d’Santésministesch adresséiert a froen eng Confirmatioun, respektiv Explikatiounen.

Ville Leit ass d‘Plaz vu Munneref nämlech alles wéi net ideal, well net zentral genuch. D’DP-Deputéiert Hartmann stellt op Facebook awer kloer, dass d’DP net géint eng Struktur zu Munneref wier, mä dass et wichteg wier, dass "een zesumme mat de Gemengen eng flächendeckend Léisung géif fannen". Déi parlamentaresch Fro kéint Opschloss ginn, wéi eng Méiglechkeeten et soss nach fir den Osten an doriwwer eraus géife ginn.

De Buergermeeschter vu Munneref Steve Reckel reagéiert iwwerdeems am Quotidien vun e Méindeg an erkläert, dass déi Decisioun am Regierungsrot op Basis vun de Recommandatioune vum Haut-Commissariat à la protection nationale getraff gi wier a sech kee Politikum hannendru géif verstoppen.