10 Videoclippe fir de Beruff vum Infirmier ze promouvéieren
D'Schüler an d'Schülerinnen aus dem leschter Joer BTS hunn am Kader vum "Projet d’éducation à la santé & santé publique" eng Campagne realiséiert.
Et feelt eis massiv u Gesondheetspersonal, dat huet d'Covid-Kris nach emol däitlech gemaach. Am LTPS, dem Lycée fir d’Gesondheetsberuffer, hunn d'Infirmiersschüler a -schülerinnen aus dem leschte Joer BTS dofir am Kader vum "Projet d’éducation à la santé & santé publique" eng Campagne realiséiert, fir de Beruff vum Infirmier / der Infirmière an der Gesellschaft ze promovéieren. E Freideg de Mëtteg ware se hir 10 Videoclippen bei de Gesondheetsministère an aner Acteuren aus dem Secteur virstellen.
Mat de Virurteeler opraumen, de Leit en Abléck an de villsäitege Beruff vum Infirmier / der Infirmière ginn. Dat war d'Zil vun den 10 Videoclippen, respektiv Missiounen, déi d’Schüler an hirem leschte Joer am Lycée Technique pour Professions de Santé realiséiert hunn.
D’Studenten hunn an 10 Gruppen um Projet geschafft. Si hunn 10 Affichë mat 10 verschiddene Messagen entworf. Op dëse Plakater ass dann e QR-Code, deen op e klenge Videoclip féiert, deen dat respektiv Thema illustréiert.
U Choreographien, Inzenéierungen an Humor hu verschidden Aarbechtsgruppen net gespuert. Et war en aneren Ofschlossprojet wéi soss üblech. D’Pandemie hat Aktioune mat Leit um Terrain net erméiglecht. Fir d’Schüler an d'Schülerinne war d’Aarbecht hannert a virun der Kamera eng nei Erfarung.
Wéi kënnt d’Campagne bei de verschiddene Vertrieder aus dem Santésberäich un? Mat der Fro am Bauch hunn déi Jonk sech eran op hir Presentatioun gemaach. An der Hoffnung, datt hir Aktioun mat de Plakater a Videoclippe breet verdeelt gëtt an deen een oder anere Jonke vum Beruff iwwerzeegt.