Et ass gutt, datt d'Arméi iwwert dee Wee ka weisen, datt si fir d'Populatioun do ass, wa si gebraucht gëtt, sou de Chef d'Etat Major vun der Arméi.

D'Arméi huet an der Pandemie vun Ufank u gehollef. D'lescht Joer ware permanent tëscht 65 an 160 Zaldote wéinst der Covid-Kris am Asaz. Et ass gutt, datt d'Arméi iwwert dee Wee ka weisen, datt si fir d'Populatioun do ass, wa si gebraucht gëtt, seet de Generol Steve Thull, dee matzen an der sanitärer Kris de Poste vum Chef d'Etat Major iwwerholl huet.

Hie geet dovunner aus, datt d'Arméi och 2021 an deem Kontext dat ganzt Joer iwwer gebraucht gëtt. Eng 40 Zaldote wäerten an de Vaccinatiouns-Zenteren eng Hand mat upaken. An der 3. Phas vun der Impfcampagne, wou ënnert anerem och Persoune geimpft ginn, déi beruffsbedéngt vill Kontakter hunn, soll d’Arméi dann eng 400 Vaccine fir hir eege Leit kréien.