
D’Waasserwirtschaftsamt geet e Samschdeg de Mëtteg, den aktuelle Previsiounen no, weider vu liichten Iwwerschwemmungen op der Musel aus. Et wier awer kee gréissere Schued z’erwaarden.
E Freideg hat d’Administration de la gestion de l’eau gemellt, dass bei weiderem Reen d’Cote de Vigilance vun der Musel vu 5 Meter 30 um Referenzpeegel zu Stadbriedemes depasséiert géif ginn. Dat war dann och e Samschdeg de Moien de Fall. Aktuell klëmmt d’Musel zu Briedemes mat 3 Zentimeter an der Stonn. Aktuell läit de Peegel bei 5 Meter an 49 Zentimeter.
D’aktuell Peegelstänn vun allen Miessstatiounen op der Musel, mee och Sauer an Uelzecht sinn op inondations.lu ze consultéieren.