D'Handwierkerfederatioun an d’Jonk Handwierk reagéieren domat op eng Ausso vum Vize-Premier Dan Kersch an der Emissioun Background am Gespréich.

Deen hat do proposéiert, dass Independanten hire Loun-Verloscht duerch de Corona-Lockdown, an enger Mutualitéit ofséchere sollten.

Dat géif awer just bedeiten, dass Selbststänneger sech nach emol fir eppes ofséchere missten, wougéint Salariéen am Kader vun der sozialer Grondversuergung ofgeséchert wären. An dat obwuel alle Béid déi selwecht Steieren a sozial Cotisatioune géife bezuelen.

Souwuel d’Fédération des artisans, wéi och d’Jonk Handwierk, schreiwen dann och, dass si eng Diskussiounsoffer vum Minister ugeholl hätten. Si bleiwen awer bei hirer Fuerderung vun engem Ersatz-Salaire fir Independanten, déi op Uerder vun der Regierung hir Aktivitéiten hu musse stoppen, an domadder kee Revenu méi hunn.