Gehéiert de groussherzoglechen Haff zu den 3 räichste Monarchien an Europa? „Nee“, äntwert de Norbert Becker an engem Interview mat Paperjam.

Den Entrepreneur, Administrateur vun enger ganzer Rei Gesellschaften an zanter kuerzem Administrateur vun der Fondatioun du Grand-Duc et de la Grande-Duchesse, verréit am Interview awer och net, wéi grouss d’Verméige vum Haff ass. „Ech froen Iech jo net no ärem private Verméigen also bleift d’Verméige vum Grand-Duc privat“, esou den Norbert Becker.

Ugeschwat op d’Virwërf vu Gewalt um groussherzoglechen Haff, déi vum Parquet ouni Suitte klasséiert goufen, kritiséiert den Norbert Becker, datt d’Medie vill méi roueg wieren, wann eng Affär klasséiert gëtt. De Schued wier awer elo gemaach. Hien erzielt ewéi d’Fra vum Grand-Duc zudéifst verletzt gewiescht wier. „Kënnt Dir Iech d’Grande-Duchesse virstellen hiert Personal schloen? Dat mécht guer kee Sënn“, esou den Norbert Becker. Wann een d’Leit jugéiert, soll ee senger Meenung no net just op d’Schwächte kucken. Bei der Fra vum Grand-Duc géingen d’Qualitéiten déi puer Schwächten déi si vläicht hätt „bei wäitem“ iwwerweien.

Am Interview mat Paperjam verdeedegt den Norbert Becker, deen och DP-Member ass, d’Monarchie. Als Entrepreneur wier déi „indispensabel“.