
Wéi déi meescht Länner op der Welt wäert sech Lëtzebuerg net méi un der GMT, mee un der UTC (der Weltzäit) orientéieren. An der Praxis ännert näischt: Et bleift deemno och bei der Bezeechnung UTC+1, fir d’Zäit hei am Land lokal ze definéieren. Dat gëllt fir de Wanter, fir de Summer ass et UTC+2.
Un der Auerzäit, sou wéi se bis ewell war, ännert wéi gesot näischt, an awer muss wéinst dësem Changement vun der Referenz e Gesetzesprojet gestëmmt wou, wouvunner d’Lydia Mutsch Rapportrice ass.
Hei am Land ass et d’Atom-Auer vum Metrologie-Büro vun der der Ilnas, déi d’Zäit fir de Grand-Duché generéiert. D’Büroen, wou dës Atom-Auer installéiert ass, sinn um Belval. D’Lëtzebuerger Atom-Auer gehéiert zu engem Reseau vu 50 esou Auere weltwäit, wouvunner dann d’UTC als Moyenne gerechent gëtt.
Wärend den Diskussiounen an der Wirtschaft-Chamberkommissioun hunn d’Deputéiert och drun erënnert, datt jo op europäeschem Niveau dru geschafft gëtt, fir de Wiessel tëscht der Summer- a Wanterzäit z’annuléieren. Wéi et heescht, wieren dës Diskussiounen am Europaparlament awer komplett an der Sakgaass. Egal wéi kéint Lëtzebuerg jo och keng aner Meenung hu beim Ofschafe vun der Wanter- a Summerzäit wéi seng Nopeschlänner.