D'Pandemie huet gewisen, datt Lëtzebuerg e Konzept vu Militär- a Katastrophemedezin brauch, sou d'Meenung vum Verdeedegungsminister François Bausch.

Et ass deemno nach ëmmer de Plang, datt e Militär-Spidol soll entstoen. Dat als Zort Annexe vum neien Südspidol zu Esch, wou d'Aktivitéite vum Chem regroupéiert ginn. D'neit Südspidol huet eng ronn 590 Better an 16 OPen. Wa beim Zäitplang alles riicht leeft, kéint d'Militärspidol als Annexe heivunner 2028 funktionell sinn.

D'Käschte fir dës nei Spidolsinfrastruktur, déi och a Katastrophefäll genotzt gëtt, kéint dem Minister Bausch no bei den Nato-Depensë fir d'Defense mat agerechent ginn.

A Krisenzäite kéint deemno d'Spidol an den Asaz kommen, wou no terroristeschen Attacken oder Pandemie musse Patienten traitéiert ginn. Zu den aneren Zäite wier dëst Gebai e Recherche- a Formatiounszenter, ënner anerem fir Medezinner an der spezialiséierter Katastrophemedezin.

Aktuell ass en interministeriellen Aarbechtsgrupp amgaangen, mat der AMMD an der Uni Lëtzebuerg e Cahier des charges ze schreiwen, fir dann Experte fir eng Faisabilitéit-Etüd erauszesichen.

Dës Informatiounen huet de Minister Bausch den Deputéierten aus der Chamber-Defense-Kommissioun ginn, dat op Ufro vun der adr.

Iwwerdeems bedeelegt sech de Staat och un der Renovatioun vum Nato-Site zu Capellen, der fréierer Namsa. Dëse Chantier, wou ënner anerem déi aktuell 40 Gebaier regroupéiert ginn, dierft de Staat eng 200 Milliounen Euro kaschten.