Wat geschitt mat Jonker, déi no enger Strofdot, wéi déi vu Bouneweg, wou ee jonke Mann ëmbruecht gouf, op Dräibuer kommen?

Si falen ënnert d'Jugendschutz-Gesetz.

Den Openthalt an der zouener Struktur dauert an der Moyenne 4 bis 6 Méint, an deenen déi Jugendlech eng intensiv Therapie maachen. Et geet drëms, déi Jonk erëm op de richtege Wee ze kréien. Ënner Ëmstänn fält ee Jonken awer och ënnert d’Erwuessenenstrofrecht.

De Schock sëtzt nach ëmmer déif, nodeem den 18 Joer jonke Rafael op dëser Plaz duerch Messerstéch säi Liewe verluer huet, wat geschitt mat de mannerjäregen Täter?

Bei schlëmmen Dote kommen déi Jonk an d'Unisec op Dräibuer, eng Zorte Jugendprisong --Zil ass awer net, se einfach ewechzespären, mee se duerch Therapien rëm op de richtege Wee ze bréngen, am Schnëtt ass ee Jugendlechen 4 bis 6 Méint do, duerno gëtt en  eventuell an eng aner Struktur , ee Foyer placéiert oder gëtt doheem mat der Famill vun engem Service wei dem Scas begleet. Et heescht awer net, dass ee Mannerjäregen, deen eppes Schlëmmes gemaach huet, no 6 Méint rëm fräi ass

Pro Joer kritt de Jugendschutz vum Parquet eng 1.250 nei Dossieren eran. Bei deene méi schlëmme Fäll kritt dee Jonken eng Citatioun virun de Riichter

Bei manner schlëmme Doten kann de Jugendriichter Strofen wei Sozialaarbecht ausschwätzen, bei schwéiere Strofdoten kann een iwwer 16 awer och ënner Erwuessenstrofrecht poursuivéiert ginn, mat de selwechte Strofen. Am Joer ginn et 6 bis 12 esou Fäll.

12 Plazen ginn et an der Unisec zu Draibur, 11 sinn de Moment besat. De Casier vun engem Mannerjäregen bleift iwwregens egal wéi vierge.