Elektronesch MedienNeit Gesetz gestëmmt fir géint Opruff zum Haass, Gewalt an Terrorismus virgoen

RTL Lëtzebuerg
Konkret geet et ëm e Gesetzesprojet, deen eng europäesch Direktiv an nationaalt Recht soll ëmsetzen.
© AFP

Déi nei adaptéiert Reegele betreffen Televisioun, Streamingdéngschter a Video-Plattformen. Déi Plattforme mussen zum Beispill e System en place setzen, fir z’iwwerpréifen, datt hir Contenue weder Gewalt nach Diskriminatioun verherrlechen.

D’Lëtzebuerger Medienopsiicht Alia soll an Zukunft iwwerpréiwen, ob déi nei Dispositiounen agehale ginn a kritt dofir och 70% méi an hirem Budget, huet de Premier a Medieminister Xavier Bettel betount.

D’Gesetz gouf awer ouni d’Stëmme vun der gréisster Oppositiounspartei ugeholl. Der CSV no hätt een an der zoustänneger Kommissioun net genuch Zäit gehat, fir iwwert de Projet de Loi ze diskutéieren. Dat ganzt Gesetz misst nach emol komplett op de Leescht geholl ginn, huet net just d’CSV, mee och déi Lénk an d’Piraten gefuerdert.

Back to Top
CIM LOGO