Wat déi weltwäit Verdeelung vun Covid-19 Impfstoffer ugeet, fält et schwéier drun ze gleewen, datt d'Solidaritéit op der Prioritéitelëscht steet.

All Land kuckt mol als éischt no sech. Dat huet d'Stéphanie Empain e Mëttwoch an der Chamber betount. An enger erweiderter Fro un de Kooperatiounsminister wollt déi gréng Deputéiert wëssen, wéi et ëm de Covax-Programm steet, deen e weltwäit gerechten Zougang zum Vaccin assuréiere soll. An och wéi Lëtzebuerg sech bedeelegt.

Verdeelung vum Covid-Vaccin / vum Claudia Kollwelter

Zil vum Covax-Programm ass et, bis Enn 2021 2 Milliarden Impfdosissen akaaft a fair verdeelt ze hunn. 16% vun der Weltbevëlkerung hätte sech allerdéngs iwwer 60% vum Impfstoff geséchert. Do kéint een net méi vu Solidaritéit schwätzen, huet d'Stephanie Empain betount:

"Den Ënnerscheed tëscht aarm a räich gëtt esou ganz däitlech. Déi räich Staaten hu sech mat bilaterale Verträg masseweis, zum Deel och mat héijen Iwwerkapazitéiten, bei de Produzente mat Impfstoffer agedeckt an domat hu si de Maart blockéiert an d'Präisser an d'Luucht gedriwwen."

Den LSAP-Minister Franz Fayot huet erkläert, datt d'Lëtzebuerger Kooperatioun 1 Millioun Euro bäigedroen hätt, fir de Covax-Mechanismus. Et géifen awer eng Partie Erausfuerderunge ginn, zum Beispill um logistesche Plang:

"Besonnesch wat déi aktuell Produktioun, Disponibilitéit, mee och Distributioun vun den Impfungen ugeet. Donieft komme Facteuren dobäi, wéi de Mangel u lokalen Kapazitéiten, d'Chaîne de froid, humanitär Situatiounen an esou weider."

Zanter Ufank Februar géif et awer e Plang a Punkto Verdeelung ginn:

"De Verdeelungsplang gesäit eng 1. Phas vun den Impfungen vir, déi bal 3,3% vun de Covax-Länner betreffen."

Vu ville Säite géif der grénger Deputéiert Stephanie Empain no gefuerdert ginn, datt de Patentschutz an dëser globaler Kris misst opgehuewe ginn. Dozou sot de Franz Fayot:

"Se si fir de Moment net onbedéngt eng Brems an der Produktioun vun de Vaccinen. Wat oft feelt, sinn d'Kapazitéite fir iwwerhaapt Vaccinen ze produzéieren. Infrastruktur, Logistik, Contrôle de qualité, forméiert Leit a sou weider."

Et misst virop do ugesat ginn, fir datt d'Vaccinen effikass verdeelt kënne ginn. An den nächste Woche wäerten dem Kooperatiounsminister no an 18 Länner Liwwerunge vun der 1. Dosis vum Pfizer-Vaccin ufänken, haaptsächlech an Latäinamerika, Afrika an Asien.