
Dat äntwert d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert op eng gemeinsam parlamentaresch Fro vun den CSV-Deputéierte Leo Gloden, Françoise Hetto an Octavie Modert.
D’Annonce, datt den Impfzenter fir den Osten soll op Munneref kommen, hat bekanntlech am klengste Walbezierk vum Land fir eng gewëssen Opreegung gesuergt. Munneref géif ze wäit ewech leie vun Iechternach oder aneren Ostgemengen an deem Eck, hat et geheescht.
Mat den Erklärunge vun der Gesondheetsministesch misste sech d’Gemidder dann elo berouegen.
Munneref ass ee vun am Ganze 5 geplangten Impfzenter. An der Stad, um Findel, zu Ettelbréck an um Belval si weider Impfinfrastrukture virgesinn. Op Basis vun den Erfarungen an der Victor Hugo Hal, kéinten der Santésministesch no do pro Woch eng 4.500 Leit geimpft ginn.
Impfzenter fir den Osten zu Munneref: Vill Kritik um Standuert, Erklärunge vun de Responsabelen